Radioen

On air

Notturno  |  Mario Castlnuovo-Tedesco - Concertino fir Harf a Kammerorchester, Op. 93 - Naoko Yoshino (Harf), Orchestre d'Auvergne, Roberto Forés Veses (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ NATO-Generalsekretär: Nord-Koreanesch Zaldoten zu Kursk, weist Verzweiwelung vu Russland

Krich an der Ukrain

NATO-Generalsekretär: Nord-Koreanesch Zaldoten zu Kursk, weist Verzweiwelung vu Russland

Et wieren nord-koreanesch Zaldoten an der russescher Grenzregioun Kursk, no bei der ukrainescher Grenz. Dat sot den NATO-Generalsekreträr Mark Rütte zu Bréissel no Berodungen iwwert ee méiglechen Asaz vun nordkoreaneschen Truppen an der Ukrain.

auto_stories

1 min

De Pentagon mellt 10.000 nordkoreanesch Zaldoten a Russland. De südkoreanesche Geheimdéngscht hat rezent gemellt, datt am Ganze ronn 12.000 nordkoreanesch Zaldoten a Russland solle geschéckt ginn. Dem NATO-Generalsekretär Mark Rütte no wieren der an der Regioun Kursk, no bei der ukrainescher Grenz, stationnéiert. D‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen schwätzt vun enger „Bedreeung fir de Weltfridden“.

De Mark Rütte huet sengersäits vun enger ëmmer méi grousser Verzweiwelung vum russesche President geschwat: Iwwer 600.000 russesch Zaldote wiere bis elo am Ugrëffskrich géint d‘Ukrain gestuerwen oder blesséiert ginn. Russland wier net kapabel, mam Iwwerfall an der Ukrain ouni auslännesch Hëllef virunzefueren, esou nach de Mark Rütte.

De Mark Rutteplay_arrow