Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Giuseppe Tartini - Sonat fir Gei a Cello a La Majeur, B.G A 4, I. Allegro - Duo Tartini

play_arrow Live
opus

/ Nei Direktioun am Mamer Lycée: SEW/OGBL hoffen, datt nees Vertrauen opgebaut ka ginn

Educatioun

Nei Direktioun am Mamer Lycée: SEW/OGBL hoffen, datt nees Vertrauen opgebaut ka ginn

D’Enseignantsgewerkschaft SEW denkt, datt geschwë Rou an de Mamer Lycée kënnt. Dat nodeems de Claude Christnach annoncéiert huet, als Direkter vum Mamer Lycée op den Datum vum 31.Dezember opzehalen.

auto_stories

1 min

Elo géif et dorëms goen, nees Vertrauen tëschent der Direktioun an dem Schoulpersonal opzebauen, esou d’Vera Dockendorf vum SEW/OGBL

Et stinn awer nach eng Rei Froen op, notamment iwwer d‘Persoun, déi d‘Nofolleg hëlt. Et missten och nach eng Rei Saachen erleedegt ginn. Deemno wéilt Gewerkschaft mam Personal a Kontakt bleiwen. 

"Ech weess, datt do scho Stëmme sinn, déi gewësse Wënsch hunn, wien dat kéint sinn, an och datt dat villäicht eng Persoun aus dem Gebai kéint sinn, ouni datt eng Persoun genannt gëtt.“

Wichteg wier, datt nees ee gesonden Dialog a Vertrauen hiergestallt gëtt.

Am Summer hat den SEW/OGBL vun Internen Dysfonctionnementer am Mamer Lycée geschwat. Rieds goung vun engem Kommunikatiounsproblem mat der Direktioun a vun engem ongesonden Aarbechtsklima an dëser Schoul mat 1.250 Schüler:innen an 170 Enseignanten.

Aktualitéit
Educatioun
National
Politik a Gesellschaft