Radioen

On air

De barocke Moien  |  Antonio Vivaldi - Concerto fir Mandolinn an Do Majeur, RV 425, I. Allegro - Juan Carlos Muñoz (Mandolinn), Artemandoline

play_arrow Live
opus

/ Wéi kann ee mat der Angscht virun engem Amoklaf ëmgoen?

Educatioun

Wéi kann ee mat der Angscht virun engem Amoklaf ëmgoen?

Nom Amokalarm am Atert-Lycée d‘lescht Woch gesäit et net aus, wéi wann ee gréisser Trauma erlidden hätt. Dat betount d‘Directrice vum CEPAS, d'Nathalie Keipes. Si erkläert, datt d'Schoulpsychologinnen a Psychologen op sou Situatioune preparéiert sinn.

auto_stories

2 min

headphones

7 min

Klassesall | © Bigstock play_arrow

Eng verdächteg Persoun hat en Dënschden en Amokalarm am Réidener Lycée ausgeléist. Schlussendlech war näischt geschitt. Datt a sou Situatiounen trotzdem Angscht a Panik entseet, ass awer normal an et ka sinn, datt een Trauma bleift, seet d‘Nathalie Kneipes, Directrice vum CEPAS, also dem psychosoziale Service vun de Lycéeën. Am Réidener Lycée géif awer näischt dorop hindeiten.

Et ass awer och esou, datt d‘Personal vum CEPAS net op d‘Schüler:innen zou geet. Déi musse, wa si iwwer eng eventuell Belaaschtung schwätze wëllen, d‘Psychologinnen a Psychologen kontaktéieren. Dat wier zu Réiden awer proaktiv kommunizéiert ginn, betount d‘Nathalie Keipes. 

Schoulen hu Kriseninterventiounsekippen

D‘Psychologen a Psychologinne wieren iwwerdeems op esou Situatioune virbereet. Nieft hinne gëtt et an de Schoulen och sougenannt Kriseninterventiounsekippen. Do si Membere vun der Direktioun, d'Administratioun a vun den Equipes Educatives et Psychosociales vertrueden.

Fir déi Ekippe si Prozeduren en place, wat d‘Organisatioun vun der Schoul ugeet, och déi Deeg duerno. Dofir géifen och Simulatioune gemaach gi fir erauszefannen, wéi kommunizéiert gëtt, an awer och wéi zum Beispill vulnerabel Schüler:innen identifizéiert

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Educatioun
National
Politik a Gesellschaft