Verlaangt gëtt doran ënner anerem och ee méi séiere Bau vun neien Accueil-Strukturen. Gefuerdert gëtt weider vun der Regierung eng besser Kooperatioun mat den Acteuren aus der Zivilgesellschaft an dësem Beräich.
"Prozeduren daueren ze laang"
“Eng Gesellschaft zeechent sech doduerch aus, wéi mer mat eise vulnerabelste Mënschen ëmginn”, esou de Meris Sehovic beim Depot vun der Motioun. De gréngen Deputéierten huet un Temoignage gëschter an haut an der Press erënnert, vu Famillje mat Kanner, déi aus Strukturen eraus gehait ginn.
"Net méi spéit wéi gëschter hu mir 60 Deputéierten hei am Haus och een E-Mail kritt, en Hëllefruff vun enger Famill, eng jonk Famill aus dem Venezuela, déi säit dräi Joer hei am Land ass, mat engem klenge Meedchen, wat just d'Lëtzebuerger Schoul kennt, an hei an enger Grondschoul scolariséiert ass, mat enger Mamm, déi eng Aarbecht hat, déi actuellement suspendéiert ass, well Prozeduren am Ministère ze laang daueren, an déi néideg Dokumentatioun net virläit."
An trotzdeem sollt dës Famill elo op d'Strooss gesat ginn, kritiséiert de Meris Sehovic.
Prezis Statistike solle geliwwert ginn
Dorwwer eraus gëtt gefuerdert, datt den Deputéierten an de Bierger:innen all Mount detailléiert Statistike geliwwert ginn, déi ënner anerem Informatiounen iwwer d'Zuel vu Leit liwweren, déi international Protektioun ufroen. Och soll matgedeelt ginn, wéi vill Leit sech am Centre de rétention befannen, a wéi vill an der Maison de retour.
Wéini a Presenz vun den zoustännege Ministeren an der Chamber iwwer d’Motioun vun engem groussen Deel vun der Oppositioun ofgestëmmt gëtt, ass fir de Moment nach net gewosst.
D'Motion kënnt um Mëttwochmëtteg zur Ofstëmmung.