Radioen

On air

De barocke Moien  |  Henri Vieuxtemps - Romances sans paroles, Op. 8, I. Allegro ma non troppo - Philippe Koch (Gei), Luc Devos (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Nei Preventiounscampagne soll Automobilisten op d‘Juegdsaison opmierksam maachen

Mobilitéitsministère

Nei Preventiounscampagne soll Automobilisten op d‘Juegdsaison opmierksam maachen

Wärend der Period vun der Klappjuegd vum 19. Oktober bis den 31. Januar sollen d‘Automobilisten extra virsichteg sinn, well wëll Déieren op d‘Strooss kéinte lafen. De Mobilitéitsministère lancéiert dofir eng Preventiounscampagne fir d‘Automobilisten op d‘Juegdsaison opmierksam ze maachen.

auto_stories

1 min

Wann e Schëld op der Strooss eng Klappjuegd uweist, sollen d‘Automobilisten d‘Vitesse reduzéieren, heescht et am Communiqué. De Ministère rappeléiert och, datt d‘Déieren dacks am Grupp ënnerwee sinn.

Bei engem Accident mat engem Déier soll een de giele Gilet undoen iert een aus dem Auto klëmmt, d‘Zon securiséieren an d‘Police informéieren.

De Ministère deconseilléiert staark een Déier unzepaken oder ze deplacéieren.