Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Johannes Brahms - Sinfonie Nr.3 a Fa Majeur, Op. 90, III. Poco allegretto - Musikkollegium Winterthur, Thomas Zehetmair (Dir.)

play_arrow Live
search

/ Nei Saison vum OCL

Klassik-Aktuell

Nei Saison vum OCL

D'Diere vun der klassescher Musek fir jiddereen opmaachen mat neie Konzepter, dat ass d'Zil vum OCL fir seng nei Saison. Den Optakt ass de 15. Oktober mat engem Concert an der Philharmonie ënnert dem Motto "Sérénade".

auto_stories

2 min

headphones

9 min

E vilfältege Programm

De Programm ass an dräi Haaptvoleten opgedeelt. De Cycle Philharmonique besteet aus engem variéierte Programm, dee probéiert d'klassesch Musek fir e breede Public méi accessibel ze maachen. Produktioune wéi Mumm Séiss vum Dicks, Don Pasquale vum Donizetti an eng Operette vun der Lëtzebuerger Komponistin Lou Koster, gehéieren zu de Bünewierker, déi dëst Joer op der Affiche stinn. E grousse Wäert gëtt och dorop geluecht, dem méi jonke Public eppes unzebidden. Ënnert dem Titel "Place aux jeunes!" ginn ënner anerem Concerte mat Studenten a Studentinnen aus de Lëtzebuerger Conservatoiren organiséiert an eng Residenz an der International School of Luxembourg (ISL) gehalen.

De roude Fuedem

De Public gëtt op eng musikalesch Entdeckungsrees agelueden. Nei Konzepter an och manner bekannte Komponisten a Komponistinne gi virgestallt. Der Corinna Niemeyer ass et immens wichteg de Mënschen d'Gefill ze ginn, empfaangen an integréiert ze ginn. An dat egal wéi vill musikalesch Virkenntnesser si hunn. Och aussergewéinlech Zesummenaarbechte si geplangt, wéi "Chef meets Chef", e Concert a Kollaboratioun mat der Kachbuchautorin a Bloggerin Anne Faber.

15. Oktober: Concert an der Philharmonie

Ënnert dem Motto "Sérénade" luet d'Corinna Niemeyer op den Optakt vun der Saison 2023-24 vum OCL an. Um Programm: Wierker vum Schubert, Britten a Strauss. D'Corinna Niemeyer wëll den OCL ënnert engem neien Aspekt presentéieren. Dofir gëtt sech bei all Stéck jeeweils op aner Instrumentegruppe vum Orchester besonnesch fokusséiert.

Méi Informatioune fannt dir am Gespréich tëschent dem Marie Trussart an der Corinna Niemeyer.

Lauschterenplay_arrow