Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  Sophie Eckhardt-Gramatté - "Ein wenig Musik", Moderato - Thomas Albertus Irnberger (Gei), David Geringas (Cello), Barbara Moser (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Nei Trump-Regierung ouni Haley a Pompeo

USA

Nei Trump-Regierung ouni Haley a Pompeo

Verschidde Leit, ëm déi spekuléiert gëtt, wäerten net am Donald Trump senger neier Regierung sinn. Hien huet gëschter um Samschdeg de Mike Pompeo, deen a senger leschter Regierung eng Zäit laang Ausseminister war, ecartéiert, genee ewéi och d‘Nikki Haley, déi fréier amerikanesch UNO Ambassadrice.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Kyle Mazza
Foto: picture alliance / NurPhoto | Kyle Mazza

Den Donald Trump huet iwwregens och an alle 7 Swing States bei de Presidentewale vum leschten Dënschdeg gewonnen. Och de Bundesstaat Arizona, wou d‘Resultat bis elo nach net kloer war. Hie kritt domat 11 weider Walleit a kënnt op 312 géintiwwer 226, déi déi demokratesch Kandidatin Kamala Harris konnt wannen. 270 Walleit gi jo duer, fir amerikanesche President ze ginn.

E Mëttwoch soll den Donald Trump am Wäissen Haus vum aktuelle President Joe Biden empfaange ginn.