Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Nicolas Schmit: Och Lëtzebuerg muss sech un international Steieraccorden halen

EU-BUDGETSREEGELEN

Nicolas Schmit: Och Lëtzebuerg muss sech un international Steieraccorden halen

D’Europäesch Kommissioun lancéiert Strofprozedure géint siwen EU-Staaten. Dës Länner leie largement iwwer der virgeschriwwener Limitt vum Defizit a kruten och op en Neits Mesurë proposéiert. D’Lëtzebuerger Staatsfinanze wiere stabel, mee d’Wirtschaft misst hir Dynamik zeréckkréien, seet den EU-Kommissär Nicolas Schmit.

auto_stories

3 min

Foto: European Union

D’Strofprozedure géint siwen EU-Länner sinn een éischte Schrëtt, huet et gëschter zu Bréissel geheescht. Mat Sanktiounen ass an dëser Phas net ze rechnen.

D’Limitt vun den dräi Prozent gouf der Kommissioun no vun 12 Länner depasséiert. Fir eng Prozedur ze lancéieren, ginn awer och aner Facteure berücksichtegt. Et gëtt zum Beispill gekuckt, ob aussergewéinlech ekonomesch Ëmstänn spillen, oder ob méi an d’Defense investéiert gouf.

Keen Zeréck bei d’Austeritéit?

Déi europäesch Ekonomie ass amgaang sech ze erhuelen, esou de Wirtschaftskommissär Paolo Gentiloni. Datt elo déi Reegele fir d’Staatsscholden nees spillen, wier weder een Zeréck an d’Normalitéit nach een zeréck bei d’Spuerpolitik, wat een terribele Feeler wier, esou den Italieener.

Trotzdeem froe sech vill Observateuren, wat dat genee fir déi Länner heescht, wéi eng genee Mesurë vun deene betraffene Länner erwaart ginn.

Fakt wier, datt d’Defiziter an deene 7 Länner largement iwwer den erlaabten dräi Prozent vum PIB leien, seet dozou de Lëtzebuerger EU-Kommissär Nicolas Schmit.

"An net säit engem Joer, mee säit enger längerer Zäit. A mir wëssen alleguer, datt dat net de Reegelen - déi jo all Memberstaaten acceptéiert hunn - entsprécht."

Fir do nees erauszekommen, missten déi concernéiert net forcement eng strikt Austeritéitspolitik aféieren, mee et géif drëm déi Defiziter progressiv ofzebauen, esou de fréiere Lëtzebuerger Aarbechtsminister.

"Dat soll equilibréiert sinn, fir dofir ze suergen, datt d'Ekonomie net an eng nei Rezessioun geféiert gëtt. Ech mengen, och dat muss een ëmmer am Kapp behalen. Wann een dat ze vill brutal mécht, da komme mer op dat, wat virun enger Rei vu Jore geschitt ass, an dat wëllt jo keen."

Lëtzebuerger Staatsfinanze ginn als “stabel” ugesinn

Lëtzebuerg wäert der Kommissioun no 2024 bei engem Defizit vun 1,2 Prozent leien. D’Staatsfinanze wiere stabel, sot dozou den Nicolas Schmit. En vue vum Defizit an de Scholden, déi och am Grand-Duché klammen, wier de Message vu Bréissel deen, d’Situatioun am Grëff ze halen.

"Et ass wichteg, datt d'Lëtzebuerger Ekonomie och hir Dynamik erëmfënnt. Mir hate lo fir Lëtzebuerg gesinn e relativ schwaacht Wuesstem. Mir wëssen och genau, datt onsem Wuesstem gewësse Limitten opgeluecht sinn, ënner anerem eng, datt et ëmmer méi schwiereg gëtt qualifizéiert Leit fir ons Wirtschaft ze fannen. Do muss zu Lëtzebuerg gekuckt ginn, wéi een dee Problem léist."

Zesumme mat den neiste Projektioune mécht d’Kommissioun och weider d'Recommandatioun un all eenzel Land iwwer Mesuren, déi sollen en vue vum Staatsbudget geholl ginn.

Kommissioun fuerdert Lëtzebuerg op, aggressiv Steierplanung ze verhënneren

Verschiddener dovun ass déi nei Regierung ugaangen - zum Beispill déi d’Subventioune fir Stroum a Gas auslafen ze loossen. D’Kommissioun hätt dat gären éischter - nämlech scho virun där nächster Hëtzperiod gesinn. Wéi virdrun, gëtt Lëtzebuerg opgefuerdert, Mesuren ze huelen, fir datt manner Leit an d’Fréipensioun ginn an et gëtt gefrot, eng aggressiv Steierplanung fir Betriber méi effikass ze verhënneren.

Och Lëtzebuerg muss sech un international Steierreegelen halen a ka net Abseits stoen, seet dozou den Nicolas Schmit. Dat géif och der Credibilitéit vum Land schueden.

Den Educatiounssystem misst iwwerdeems besser un déi ganz verschidde sproochlech Hannergrënn vun de Schüler ugepasst ginn, esou eng weider Recommandatioun vu Bréissel - och déi stoung esou schonn am Rapport vum leschte Joer.

Aktualitéit
Ernärung
Europa
Wirtschaft