Niddrege Rhäin leet grouss Bomm aus dem Zweete Weltkrich zu Köln fräi
Well de Rhäin sou niddreg ass, gouf zu Köln eng Bomm aus dem Zweete Weltkrich entdeckt. Si war gëschter Owend op der Héicht vum Rheinpark entdeckt ginn. Déi fënnef Zänner schwéier amerikanesch Bomm muss nach haut entschäerft ginn, huet d‘Stad Köln matgedeelt.
Dofir mussen elo Mënschen an engem Ëmkrees vu 400 Meter hir Haiser verloossen – eng 360 Persoune si vun der Evakuéierung betraff.
Och d‘Studioe vun RTL Däitschland an ntv si betraff. RTL Däitschland produzéiert dofir elo, vun 3 Auer un, aus engem mobile Studio, respektiv vu Berlin.