Däitschland

Niddregwaasser am Rhäin, Donau an Elbe: Wéi kann een d'Liwwerketten oprecht erhalen?

Fir d’Schëfffaartsbranche, d’Industrie an de Logistikberäich ass déi aktuell Situatioun op de Flëss Rhäin, Donau oder Elbe komplizéiert. An Däitschland hu Bund a Länner weider Mesurë geholl, fir trotz den nidderege Waasserstänn d’Liwwerketten oprecht ze erhalen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© EPA/RONALD WITTEK play_arrow
(Foto: EPA/RONALD WITTEK)

De Peegelstand vun de grousse Flëss an Europa huet dëse Summer een historeschen Déifstand erreecht. De Gidderverkéier muss dofir verstäerkt op d'Strooss a d'Schinn auswäichen. 

Situatioun bléift sécher bis Enn August ugespaant

Scho fir déi zweete Kéier innerhalb vun enger Woch ass de Bundesverkéiersminister Steffen Bilger dofir mat sengen Amtskolleegen aus de Bundeslänner zesummekomm. Nom Treffe gëschter sot den CDU-Politiker, déi ugespaante Situatioun op den däitsche Flëss géif op d'mannst nach de ganzen August unhalen.

Als direkt Konsequenz vun den nidderege Waasserstänn haten eng Rei Bundeslänner d’Fuerverbuet fir Camione sonndes an op Feierdeeg gelabbert.

Berlin, Brandenburg an Thüringe sinn elo nogezunn, grad ewéi Bayern. Hei gëllt d'Ophiewe vum Fuerverbuet vum kommende Weekend u bis Enn August. 

Zousätzlech Tracen am Schinnennetz

An der lëtzebuergescher Grenzregioun gëllt d’Mesure esouguer nach méi laang. D’Saarland a Rheinland-Pfalz wëlle bis Enn September méi Transport op der Strooss erméiglechen.

Ausgewach gëtt awer och vum Waasser op d’Schinn. Déi Däitsch Bunn huet zousätzlech Tracë fir de Gidderverkéier zur Verfügung gestallt.

Wéi eng Wueren dierfe vum Schëff an de Camion?

Un de Mesurë fir d'Liwwerketten oprecht ze erhale gëtt et awer och Kritik. Zum Beispill, datt d’Reegelungen net eenheetlech sinn. 

A verschiddene Bundeslänner dierfe just Wueren, déi soss mat Schëffer transportéiert ginn, sonndes op d’Strooss transferéiert ginn. An anere Bundeslänner gëllt dës Aschränkung net.

D’Bündnis90/Die Grünen kritiséiert iwwerdeems, datt d’Land Thüringen och säi Sonndes-Fuerverbuet gelabbert huet, obwuel keng relevant Waasserstrooss duerch dat Bundesland leeft.

Nei Schëffer fir Niddregwaasser

D’Verkéiersministere si sech awer och iwwer längerfristeg Léisungsweeër eens ginn. Esou soll an Zukunft verstäerkt a Schëffer investéiert ginn, déi fir niddregt Waasser optiméiert sinn. Laangfristeg sollen déi wichtegst Waasserstroossen dann och weider ausgebaut ginn.

Lauschterenplay_arrow