Domat kéinten den Ament Transporter vu bis zu 100 Banneschëffer ersat ginn, huet et haut no engem Treffe vun de Verkéiersministere vun den däitsche Bundesländer geheescht.
D'Waasserstänn am Rhäin an an der Donau sollen dem däitsche Verkéiersminister Steffen Bilger no och an den nächste Woche ganz niddreg bleiwen.
Liwwerengpäss géif et den Ament awer nach keng. Verschidde Bundesländer hunn als Reaktioun schonn d'Sonndes-Fuerverbuet fir Camionen temporär opgehuewen.
Mëttel- a laangfristeg wëllt den däitsche Verkéiersminister d'Waasserstroossen un déi méi heefeg Niddregwaasser-Situatiounen upassen. Ëmweltschützer warne virun enger Verdéiwung vun de Flëss. Dat géif d'Problemer net léisen a kéint d'Ëmgéigend nach méi staark entwässeren.