USA

No de Midterms wäerten et e puer historesch Premièrë ginn

Bei de Midterm-Walen an den USA gouf et déi blo Well. D'Demokraten hunn d'Republikaner iwwerfliggelt an och a rouden Héichbuerge wéi Texas gewonnen. Mee insgesamt ginn et no dëser Wal och e puer Zenarien, déi et bis ewell nach ni gouf.

auto_stories

2 min

(v.l.n.r.) Byron Donalds, Keisha Lance Bottoms, Abdul El-Sayed | © EPA/JIM LO SCALZO - EPA/ERIK S. LESSER - EPA/SARAH YENESEL
(v.l.n.r.) Byron Donalds, Keisha Lance Bottoms, Abdul El-Sayed (Foto: EPA/JIM LO SCALZO - EPA/ERIK S. LESSER - EPA/SARAH YENESEL)

D'Keisha Lance Bottoms, déi d'Course fir Gouverneurin vu Georgia gewanne konnt, ass déi éischt afroamerikanesch Fra, déi jee e Gouverneursposten an den USA wäert iwwerhuelen.

D'Demokratin war vun 2018 bis 2022 Buergermeeschtesch vun Atlanta.

Déi nei Gouverneurin vu New Mexico, d'Deb Haaland (D), ass hirersäits déi éischt Fra mat indigeene Wuerzelen op deem Posten.

Première an der republikanescher Héichbuerg Texas

A Florida huet de Republikaner Byron Donalds d'Gouverneurswale gewonnen. Hie gëtt domat den éischten afroamerikanesche Gouverneur vum Südstaat. 

An an der republikanescher Héichbuerg Texas huet d'Demokratin Gina Hinojosa d'Course fir Gouverneurin gemaach. Si gëtt domat déi éischt Gouverneurin vun Texas mat latäinamerikaneschem Hannergrond.

Dat gëllt och fir de Xavier Becerra, deen a Kalifornien neie Gouverneur wäert ginn.

D'Gewënnerin vun der Gouverneurswal an Texas Gina Hinojosa | © EPA/LAURA BRETT
D'Gewënnerin vun der Gouverneurswal an Texas Gina Hinojosa (Foto: EPA/LAURA BRETT)

Och bei de Senateure ginn et "éischt Kéieren"

Den Abdul El-Sayed (D), deen a Michigan de Sëtz fir de Senat gewonnen huet, gëtt den éischte muslimesche Senateur.

Säi Parteikolleeg Chris Pappas, gëtt sengersäits den éischten oppen homosexuelle Senateur. Hie gouf am Bundesstaat New Hampshire gewielt.