Midterms

Politolog Robert Harmsen: Wieler:inne strofen Trump a Republikaner massiv of

Viru manner wéi e puer Stonnen hunn an den USA déi lescht Walbüroen zougemaach. Nach laang sinn net alleguer d’Stëmmen ausgezielt, an awer steet fest: D’Demokrate gewannen aller Viraussiicht no esouwuel de Senat, wéi och d’Representantenhaus. Wat bedeit dat fir déi politesch Zukunft an den USA?

auto_stories

4 min

headphones

13 min

Robert Harmsen | © Jo Diseviscourt play_arrow
Robert Harmsen (Foto: Jo Diseviscourt)

Fir de Politolog Robert Harmsen vun der uni.lu ass dat Resultat just zum Deel eng Iwwerraschung. Op der enger Säit sinn déi lescht Sondagë confirméiert ginn. Et wier och normal fir Midterms, datt de President a seng Partei ofgestrooft ginn.

Dat wier eng historesch Tendenz. Deemno géing d’Representantenhaus no de Midterms dacks d’Majoritéit wiesselen.

Datt et awer och am Senat zu engem Changement kënnt, dat wier éischter aussergewéinlech, seet de Robert Harmsen. 

Historescht Resultat fir d'Demokraten - Republikaner ginn ofgestrooft

Bundesstaate wéi Texas, Kansas, South Carolina an Iowa si blo ginn. Grad am mëttlere Weste sinn esou Resultater deels historesch.

“Le Kansas, pour la première fois un sénateur démocratique après presque un siècle. Le sénateur démocratique date des années 1930.”

De Robert Harmsen gëtt awer och ze verstoen, datt d’Wieler:innen net onbedéngt fir d’Demokraten, mee géint den Trump gestëmmt hunn. Grënn dofir ginn et genuch: D’Präisdeierecht, virun allem de Präis op der Pompel. Dann awer och de Krich am Iran a Froe ronderëm Korruptioun.

Jonker an Hispanics wiele géint den Trump

Mee d’US-Amerikaner hunn de Personnage Trump jo awer scho virdru kannt, a majoritärement och gewielt. Firwat strofe si hien also grad elo of?

De Politolog erkläert, datt den Donald Trump seng Basis wuel hale konnt, mee vill Wieler:inne verluer huet, déi hie bei de Walen 2024 nach dobäi gewanne konnt: Déi Jonk an Hispanics. Ausserdeem mengt hien, datt moderat Republikaner guer net wiele gaange sinn.

An den Analyse misst een deemno e geneeë Bléck op d'Walbedeelegung werfen.

©  EPA/JIM LO SCALZO
(Foto: EPA/JIM LO SCALZO)

"Grid lock": Déi nächst zwee Joer wäert vill blockéiert ginn

Wat bedeit dës Néierlag elo fir de President? De Politikwëssenschaftler Harmsen betount, datt et elo zu engem Blockage komme wäert.

“On rentre dans le jeu américain de l’équilibre des pouvoirs. Pour les démocrates, ça donne plutôt du pouvoir pour freiner que d'agir."

D’Demokrate kënnen elo Nominatioune vum Donald Trump am Senat blockéieren an och Enquêtë géint hien an d’Weeër leeën. 

Et dierft een allerdéngs net vergiessen, datt den US-President ëmmer e Veeto-Recht huet. An den USA nennt een déi Situation elo “grid lock”.

Ännert den Donald Trump elo seng Politik?

De Robert Harmsen ass och iwwerzeegt, datt den Donald Trump näischt u senger Politik ännere wäert. Den Demokrate sinn och d’Hänn gebonnen, well si – wéi scho gesot – Saache just blockéiere kënnen, méi awer och net.

Ausserdeem huet de Kongress nëmme ganz wéineg Matsproocherecht wat d’Aussepolitik ugeet. Dat eenzegt, wou si aktiv kéinte ginn, ass beim Deblockage vun Hëllefe fir d’Ukrain, well dat Deel vun der Budgetspolitik ass.

“Mais les moyens du congrès sont finalement assez limités.”

Wéi stelle sech d'Republikaner elo fir d'Zukunft op?

Haut huet op eng gewëss Manéier och de Walkampf fir d’Walen 2028 ugefaangen. D’Republikaner musse sech elo d’Fro stellen, wéi si sech fir d’Zukunft opstelle wëllen. 

An hire Reie wäert et zu engem Kampf tëschent den Trumpisten an de klassesche Republikaner kommen. Déi moderat Republikaner hunn elo Wand an hir Seegele kritt, mee d’Partei ass zënter Jore scho staark vun der MAGA-Beweegung gepräägt.

De warscheinlechste Kandidat, dee si Stand elo an d’Course fir d’Presidentschaftswale schécken, ass de Vizepresident JD Vance. Dee kéint sech schlecht als Net-Trumpist verkafen, mengt de Robert Harmsen.

“On a ouvert le jeu de lutte pour le contrôle du parti entre les MAGAs et les plus traditionnels.”

Och d'Demokrate musse sech op d'Zukunft preparéieren

Mee och d’Demokrate musse sech preparéieren. Wéi de Robert Harmsen schonn ugedeit huet, dëst Resultat wëllt net heeschen, datt d’Leit sech och alleguer den demokratesche President wënschen, mee si wollten den Donald Trump ofstrofen.

An der demokratescher Partei ass d’Ausriichtung fir déi no Zukunft allerdéngs net esou kloer. Et huet een op der enger Säit d’Progressisten, also déi méi lénks orientéiert sinn, an op der anerer Säit déi méi moderat Demokraten, déi sech no un der politescher Mëtt orientéieren.

Wat d’Resultater ugeet hu béid Campe Gewënner ze verzeechnen. Am Minnesota zum Beispill huet e Progressist gewonnen, am Michigan och. 

De Politolog betount awer och, datt et déi moderéiert Demokrate waren, déi bei de Midterms de Republikaner déi meescht Sëtz fort geholl hunn.

Fir d’Presidentschaftswale wier senger Meenung no en zentristesche Kandidat de bessere Choix. Dee packt et awer net onbedéngt aus de Virwalen eraus.

Lauschterenplay_arrow