Dem Jean-Claude Juncker seng Ried zu der Natioun vun 2002 ass an d’Geschicht agaangen. Wéinst engem Wuert. 700.000-Awunnerstaat. Wësst Dir nach, fir wéini hien dee virausgesot hat? Nee. Ech soen Iech et: fir 2050. Dat huet de Leit Angscht gemaach. War warscheinlech och dem Juncker säin Zil.
De 700.000-Awunnerstaat kënnt elo 2025 oder 2026, 25 Joer éischter, wéi vun him virausgesot. Geneesou wéi den Eng-Millioun-Awunnerstaat och éischter kënnt, wéi mir gesot kréien, d. h. éischter wéi 2060.
Keng Zäit fir Reflexioun
Mee mir maachen, wéi wa mir géifen an enger Zäit liewen, an där et d’Zukunft net gëtt, d’Vergaangenheet verschwënnt an dofir ass d’Géigewaart den eenzegen Horizont. D’Urgence vu Krisen a Katastrophen, ob Covid, Klimakris, Krich an der Ukrain an zu Gaza, Inflatioun, den internationalen Triumph vun der Extrême-droite asw. léisst weder Zäit nach Plaz fir d’Sich no den Ursaachen dovun an der Vergaangenheet, nach fir d’Reflexioun iwwer Pläng a Léisungsusätz an der Zukunft.
Dës Haltung an dëser Zäit ass eigentlech absurd. Huele mir d’Klimaverännerung. Si weist hir dramatesch Effekter net eréischt an e puer Generatiounen, mee schonns elo. Wat fir d’Zukunft annoncéiert gouf (z. B. extreem Iwwerschwemmungen, Stierm, Dréchent) geschitt elo, geschitt 2023, geschitt eis selwer an net eréischt den zukünftege Generatiounen am 22. Joerhonnert. A wat maache mir?
Mir bekämpfen a wielen déi of, déi vun der Politik, der Wirtschaft a vum Bierger méi Efforte fir Klimaschutz an en anert Verhale verlaangen. Wat d’Zukunft méi séier antrëfft, wat mir eis hir manner stellen. Mir wëssen, datt et eng Zukunft gëtt, mee mir gleewen et net a vernennen a bestrofen déi, déi eis domat konfrontéieren.
Realsatir
Wéi ech do den Titel vum Koalitiounsprogramm vun der neier Regierung gelies hunn, “Lëtzebuerg fir d’Zukunft stäerken”, an den Inhalt duerchgebliedert hunn, hunn ech iwwer souvill Realsatir misse laachen, fir net ze kräischen. Am Programm gëtt nämlech bal all Engagement fir dës Zukunft gestrach oder relativéiert.
Fir beim Klimaschutz ze bleiwen. Weder d’Klimaneutralitéit vu Lëtzebuerg bis 2050 nach d’Reduktiounsziler vum Klimagesetz ginn ernimmt. Verbindlech zukünfteg Ziler gi praktesch nëmmen als vun der EU imposéiert Ziler ervirgehuewen. Fir a gudder aler populistescher Manéier bei den nächste Walen op déi schlëmm EU-Bürokrate kënnen ze klappen.
An der Landesplanung sinn ab elo d’Wierder Visioun an 2050 tabu. De Bierger soll sensibiliséiert ginn an net brüskéiert.
D’Zukunft trëtt net an
Déi Termen, déi am heefegsten am Programm virkommen, weisen net op eng fest Zukunft, mee op eng Eventualitéit hin. Le gouvernement “procèdera à l’analyse”, “envisagera”, “élaborera”, “entamera les travaux en vue de”, “convoquera une réunion nationale”, “étudiera la possibilité de”.
Spéitstens no der Lektür vum Programm vun der neier Regierung huet een d’Ironie vum Titel verstanen. A mir wëssen, datt mir all kënnen eise Kapp a Rou leeën: Lëtzebuerg ass staark genuch fir d’Zukunft, well eis nei Regierung bréngt d’Konschtstéck fäerdeg, datt d’Zukunft net antrëtt.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.