Radioen

On air

Notturno  |  Mario Castlnuovo-Tedesco - Concertino fir Harf a Kammerorchester, Op. 93 - Naoko Yoshino (Harf), Orchestre d'Auvergne, Roberto Forés Veses (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Nom TGV: Verschidde Glasfaser-Reseauen am Viséier vu Saboteuren

Frankräich

Nom TGV: Verschidde Glasfaser-Reseauen am Viséier vu Saboteuren

Dräi Deeg no de Sabotage-Akten um franséischen Zuchreseau vun der SNCF gëtt et elo déi nächst Attack. Hënt goufen d'Glasfaser-Reseaue vun direkt e puer Operateure viséiert. D‘Installatioune vu Free, Bouygues an SFR wiere vun den neie Sabotage-Akte betraff. Dat a sechs Departementer, wéi déi franséisch Police confinéiert.

auto_stories

1 min

Bouygues SFR | © picture alliance / NurPhoto | Artur Widak
Foto: picture alliance / NurPhoto | Artur Widak

Paräis, wou den Ament d‘olypmesch Spiller oflafen, wier net betraff. Bei de Sabotage-Akte wiere grouss Sektioune vu Kabel duerchgeschnidde ginn, esou de Grupp SFR, dee vu Vandalismus schwätzt. Et hätt nach keen d‘Attack revendiquéiert, esou nach d‘AFP. 

De Virfall hätt Auswierkungen op de Festnetz an den Handysréseau. Och vun auslänneschen Operateuren, déi de Réseau vun SFR notzen, esou d‘Zeitung Le Parisien.

Wat d‘Sabotage-Akten op de franséischen Zuchreseau ugeet, esou mécht de franséischen Inneminister Gérald Darmanin Lénksextremiste verantwortlech fir d‘Attacken. D‘Attacke géingen engem "traditionelle Virgoe vu Lénksextremisten“ entspriechen, sot de Gérald Darmanin géigeniwwer France 2.

Hie confirméiert iwwerdeems, datt ee lénksextremen Aktivist gëschter festgeholl ginn ass. Am Auto vum Verdächtege wier ee Schlëssel fir déi technesch Anlage vun der SCNF fonnt ginn an Zaangen.