Radioen

On air

Notturno  |  Mario Castlnuovo-Tedesco - Concertino fir Harf a Kammerorchester, Op. 93 - Naoko Yoshino (Harf), Orchestre d'Auvergne, Roberto Forés Veses (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Prozess ëm de Gérard Depardieu gouf op Mäerz 2025 verluecht

Frankräich

Prozess ëm de Gérard Depardieu gouf op Mäerz 2025 verluecht

Dem Gerard Depardieu säi Prozess wéinst sexueller Aggressioun géint zwou Frae gouf elo op Mäerz d‘nächst Joer verluecht. En hätt solle gëschter ufänken, mee d‘Paräisser Strofgeriicht huet no annerhallwer Stonn Berodung decidéiert, eréischt Enn Mäerz ze verhandelen.

auto_stories

1 min

© picture alliance
Foto: picture alliance

Domat koum d‘Geriicht der Affekotin vum Gerard Depardieu no. Si hat e neien Termin gefrot wëll de Gerard Depardieu krank wär. Bis ugangs Mäerz muss seng Verdeedegung e medezineschen Avis virleeën. De Gerard Depardieu gouf vun zwou Fraen ugeklot déi him virgeheien, si sexuell agresséiert ze hunn wärend engem Film-Tournage am Joer 2021.