Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Domenico Cimarosa - Concerto fir Klarinett a Sträichorchester an Do Mineur, IV. Allegro giusto - Eduard Brunner (Klarinett), Münchener Kammerorchester, Hans Stadlmair (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Den Observatoire de l'habitat huet eng Thees firwat d'Loyerpräisser klammen

Locatiounsmarché

Den Observatoire de l'habitat huet eng Thees firwat d'Loyerpräisser klammen

Tëschent 2018 an 2022 wieren d‘Loyerspräisser méi staark wéi déi Jore virdru geklommen. Dat geet aus engem Rapport vum Observatoire de l'habitat ervir. Et géif dofir keng logesch wirtschaftlech Explikatioun ginn, mee den Auteur vum Rapport huet eng Thees.

auto_stories

2 min

headphones

5 min

play_arrow

Den Auteur vum Rapport, Julien Licheron, lancéiert am Rapport d’Thees, datt et an deem Zäitraum ëmmer méi Investisseure fir de Locatiouns-Marché ginn hätt. Ënnert anerem wéinst der Covidkris hätt et nämlech Onsécherheete ginn um Marché fir Bürosgebaier oder kommerziell genotzte Surfacen. D’lescht Joer huet deen Interessi awer nees ofgeholl, erkläert de Julien Licheron.

"Oui, parce que là aussi, avec la baisse des prix qu'on a observé sur l'ancien en particulier, on a pu avoir du côté investisseur des incertitudes sur l'avenir du marché de l'immobilier résidentiel, les perspectives de plus-value. Et puis ça, évidemment, ça les a désincités à se positionner sur ce marché. Il faut aussi dire que les taux d'intérêt ayant monté, d'autres placements, des placements alternatifs, sont devenus plus intéressants que le placement dans l'immobilier résidentiel. Et tout ça fait que, oui, on a eu clairement un retrait d'une grande partie des investisseurs sur le marché immobilier résidentiel."

D’Situatioun um Wunnengsmaart hätt sech awer däitlech gebessert an de leschte Méint, d’Präisser hätten sech stabiliséiert. De Julien Licheron geet dovun aus, datt och d’Investisseuren elo no an no wäerten erëm kommen.

  Lauschterenplay_arrow