Radioen

On air

  |  Gaute Storaas - A Nordic Year - Audun Sandvik (Cello), Norwegian Chamber Orchestra, Per Kristian Skalstad (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Partizipatiounsprozess NeiDikrich: D'Zukunft vum Dikrecher Stadkär

Lokal

Partizipatiounsprozess NeiDikrich: D'Zukunft vum Dikrecher Stadkär

Den Dikrecher Stadkär soll méi gréng ginn. Dat ass eng vun de Conclusiounen, déi aus dem Partizipatiounsprozess mam Titel NeiDikrich gezu ginn. An de leschte Méint konnte Bierger:innen a Geschäftsleit hir Iddien abréngen a bestëmmen, wéi den Zentrum zu Dikrech an Zukunft soll ausgesinn. 

auto_stories

4 min

headphones

5 min

play_arrow
Foto: Gemeng Dikrech

Eng 100 Leit hunn de Wee an d'Al Seeërei um Dënschdegowend fonnt fir sech d'Resultater aus der Biergerbedeelegung unzelauschteren. Bei der Online-Ëmfro hu Ronn 650 Leit matgemaach, also manner wéi 10 Prozent vun den Dikrecher Awunner:innen. Déi déi sech wierklech wéilte mat abréngen, déi géingen dat och maachen, fënnt d'Besëtzerin vun enger Librairie an engem Kannerbuttek zu Dikrech.

Wa sech 650 Leit géinge mat abréngen, da wier ee schonn um gudde Wee. Et wiere vill méi Leit op de Spadséiergäng dobäi gewiescht, wéi um Owend, wou d'Resultater presentéiert goufen. 

An den nächst Jore soll den Zentrum vun Dikrech moderniséiert a nei gestalt ginn, erkläert de Buergermeeschter Charel Weiler.

"Mir wëllen en Treffpunkt schafen, wou Leit zesummekommen, wou d‘Geschäfter an de Geschäftsverband gestäerkt ginn a gläichzäiteg en Zeeche setze fir Nohaltegkeet an eng héich Liewensqualitéit."

52 vun 247 Iddie sinn iwwereg bliwwen

Iddie fir d'Neigestaltung vum Dikrecher Stadkär koumen der awer op alle Fall genuch am Partizipatiounsprozess zesummen. 247 Propose goufen zeréckbehalen a syntheetiséiert. Um Enn bleiwen 52 Iddien iwwereg. Agedeelt a fënnef Theemeberäicher, wéi de Luc Wagner vum zoustännegen Architektebüro WW+ bei der Presentatioun vum finale Rapport erkläert huet.

"Den Espace public, d‘Funktiounen, d'Identitéit an de Charakter, d'Mobilitéit an d‘Accessibilitéit, de Klima an d’Ecologie."

Neit Parkhaus géint de Manktem u Parkplazen

Doleancë gëtt et zum Beispill wat d'Accessibilitéit fir Leit mat enger Behënnerung ugeet, erkläert de Luc Wagner. Net iwwerraschend geet och ee Manktem u Parkplazen am Zentrum vun Dikrech aus den Äntwerten ervir. Mat engem neie Parkhaus nieft der Gare hofft de Buergermeeschter Charel Weiler där Problematik entgéintzewierken.

"Et wäert och an Zukunft net esou sinn, datt ee Stot mat dräi Autoen, déi dräi Autoe ka bei sech doheem stoen hunn. Dat ass net machbar, well mer déi Plaz ganz einfach net hunn."

Ee méi gréngen Zentrum

Op der anerer Säit soll de Stadkär awer och méi gréng ginn. Esou ee weidere Constat, dee sech aus dem Participatiounsprozess ergëtt. De Luc Wagner vum Architektebüro WW+ erkläert, d'Versigelung misst opgebrach ginn, fir Versickerungsflächen erauszebréngen. Beem sollen am Zentrum Schiet liwweren. Grad am Summer hëtzt Bëtong an Asphalt vill méi, esou de Luc Wagner.

Alles dat soll an ee Concours vun Architekten a Paysagisten afléissen. En definitive Projet gëtt da vun engem Jury erausgepickt. Eleng déi Etapp kéint bis zu engem Joer daueren, schätzt de Luc Wagner. E puer Propose kéinten awer scho méi séier ëmgesat ginn, wéi zum Beispill eng provisoresch Begréngung oder Drénkwaasser-Fontainen.

Beliichtung kee Problem fir de Buergermeeschter

Fir ee gebiertegen Dikrecher a fréiere Besëtzer vun engem Coiffeurssalon leien d’Prioritéiten awer enzwousch anescht.

"Eng Stad soll jo ëmmer an der Entrée accueillant sinn, mee mir hu lo eng däischter Geschicht do. All Mënsch, dee vun der Beliichtung schwätzt, dee seet, wat ass mat där Beliichtung geschitt? Et si puer Käerzen, déi brennen."

Dat gesäit den CSV-Buergermeeschter Charel Weiler net esou. Et wier een amgaangen op LED ze wiesselen. 

"Mir wëllen elo näischt hypothekéieren, wat an Zukunft vläicht kënnt, well wa mer et haut opriichten, an an zwee Joer kënnt eraus, datt mer zum Beispill aner Lüsteren oder aner Luuchte wëllen huelen, da musse mer déi, déi mer elo huelen, nees ewechgeheien, dann hu mer och näischt geschafft."

De Feedback an éischt Reaktiounen no der Presentatioun sollen awer op alle Fall nach an de Prozess mat afléissen, verséchert de Buergermeeschter vun Dikrech. Fréistens 2028 geet et lass mam Chantier an dat an e puer Etappen. Wat de Budget ugeet, do wollt de Charel Weiler sech net an d'Kaarte kucke loossen. 

Reportage lauschterenplay_arrow