Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Alexander Borodin - Sträichquartett Nr.2 a Ré Majeur, II. Scherzo. Allegro - Mandelring Quartett

play_arrow Live
opus

/ Wat bedeit d'Zënsbaisse vun der EZB fir d'Clienten zu Lëtzebuerg?

Leetzëns

Wat bedeit d'Zënsbaisse vun der EZB fir d'Clienten zu Lëtzebuerg?

D'Spuerkeess wéilt d‘Zënsen op variabele Kreditter „sou séier wéi méiglech upassen“. Dat annoncéiert d'BCEE am 100,7-Interview. Et ass eng Reaktioun op d'Baisse vun de Leetzënsen am Euroraum. D‘Europäesch Zentralbank huet um Donneschdeg annoncéiert, déi wichtegst europäesch Zënstauxen ëm weider 0.25 Prozentpunkten erofzesetzen.

auto_stories

2 min

headphones

6 min

play_arrow

Den Taux, fir dee Banken hirt Geld bei der EZB zu Frankfurt kënne parken, läit elo bei 3,25 Prozent. D‘Zënsbaisse vun der EZB koum éischter iwwerraschend, seet de Claude Hirtzig am 100,7-Interview. Hien ass Responsabel fir d‘Geschäft mat de Privatleit bei der Spuerkeess (BCEE). Virun engem Mount wier dat nach net sou absehbar gewiescht.

Et wéilt een "a priori" den 1. November d‘Zënsen op de variabele Prêten upassen an "a priori" och ëm 0.25 Prozentpunkten erofsetzen. Déi final Decisioun wier nach net geholl. 

Weider Baissë kommen nach

De Spuerkeess-Manager geet och dovun aus, datt et zu weideren Zënsbaisse kënnt. Dat géif vun den Zuelen iwwer d‘Croissance an Inflatioun ofhänken, déi d‘Zentralbank mécht.

„Wann een en bloc kuckt, wat virgesinn ass, da misste mer nach am Dezember eng Leetzënsbaisse kréien an iwwert d'nächst Joer bis zu véier Leetzënsbaissen. Dat heescht potenziell 1,25 Prozent manner héich Leetzënsen, wat dann och grosso modo misst bedeiten, datt d'Variabel Tauxe fir d'Clienten op de Prête missten ëm dee Montant à peu près erofgoen.“

Fir d‘Clienten, déi Suen um Spuerkont hunn, heescht dat awer och, datt se dorobber manner Sue kréien. Och do wëll een op den 1. November ëm 0.25 Prozentpunkten erofgoen.

Den Interview mam Claude Hirtzig lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
National
Politik a Gesellschaft
Wirtschaft