Radioen

On air

De gemittlechen Owend  |  

play_arrow Live
opus

/ Op d‘Oueren! Eis Liblingslidder vun der Woch

Musek

Op d‘Oueren! Eis Liblingslidder vun der Woch

Dir hutt Loscht op fuschnei Musek? D‘Museksredaktioun vum radio 100,7 guidéiert iech duerch den Dschungel vun neien Tendenzen.

auto_stories

1 min

© Lewis Evans
Déi iresch Band Inhaler. (Foto: Lewis Evans)

Et gëtt esouvill nei Musek ze entdecken. D‘Museksredaktioun vum radio 100,7 lauschtert sech all nei Verëffentlechung un. Ok, vläicht net grad all Lidd, an dach dinn eis Oueren um Enn vum Dag wéi. Déi hei Songs hunn et a sech a lafe bei eise Museksnerds ouni Enn op der Anlag.

Den alen Hues James Murphy aka LCD Soundsystem mëscht nach ëmmer Jazz a Punk zu ustiechend rhythmeschen Tracks, mat aktuellem Thema op "x-ray-eyes". Dem brittesche Rapper Pa Salieu säin neien Track erfuerscht seng üblech Mëschung aus Afrobeats a Grime eemol op déi duuss Manéier, ëmsou méi schéin. Vun der Kanadierin Mereba hu mir hir éischt Single op Secretly Canadian mat bruecht, einfach schéine, soften R&B. "I‘m With The Band“ bréngt d‘Black Keys mam Beck zesumme fir een Track, deen hir jeeweils gefälleg Lo-Fi Virléiften an de Vierdergrond setzt. D‘Dubliner Indie-Rocker Inhaler hunn eis mat hirem neien Track "Your House" iwwerzeegt, deen op eng nei Plack am Februar virbereet a positiv no vir dréckt.