Radioen

On air

Détente sous l'olivier  |  

play_arrow Live
opus

/ Op der Sich no 100 bis 200 Meterkaree

Service Premier Appel

Op der Sich no 100 bis 200 Meterkaree

D‘Associatioun Inter-Actions sicht zënter enger Zäit an der Stad Lëtzebuerg oder ronderëm een Haus oder eng aner Gebailechkeet fir hir Aktivitéiten am Kontext vum Service Premier Appel. Si logéieren hei Sans-abrisen a soe sech komplementar zur Wanteraktioun.

auto_stories

1 min

D’Virginie Giarmana, Directrice adjointe vun Inter-Actions.

Aus hirem ale Gebai an der route de Thionville huet Inter-Actions mam Service “Premier Appel” scho virun enger Zäit mussen eraus. Dat gouf fir een aner Zwecker gebraucht. Aktuell bidde si awer 8 Schlofméiglechkeeten an enger provisorescher Struktur - engem ëmgebaute Killcamion - un.

Et gëtt awer e grousse Wonsch no enger fester Struktur, mat der Installatioun vu 6 Plaze fir Männer a getrennte 4 Plaze fir Fraen, derbäi och e Büro.

Wuel hätte si an der Läscht schonn 2 Mol eppes fonnt, seet d’Virginie Giarmana, Directrice adjointe vun Inter-Actions. Dat gouf eng Kéier näischt, well déi néideg Autorisatioun net koum, eng weider Kéier gouf et massive Widderstand vun den Noperen um geplangte Projet. D’Sich vun den 100 bis 200 Meterkaree geet also weider.

Eng Alternativ zur Wanteraktioun

D’Virginie Giarmana erzielt, datt hire Projet definitiv gebraucht gëtt, nieft der Wanteraktioun vum roude Kräiz. Si géifen hire Service dat ganzt Joer iwwer proposéieren. Et géifen awer och ëmmer erëm Leit ginn, déi sech net wuelfillen an der Wanteraktioun mat hiren 250 Plazen.

Net jidderee schléift gären an engem groussen Dortoir. Déi Leit optéieren dofir léiwer fir dat méi klengt Lokal, wat aktuell den ëmgebaute Killcamion ass. An der Hoffnung an op der Sich eeben no enger besserer Léisung.