Aarbecht

Op en Neits Attack op ee Giischtjen, des Kéier am Centre Pénitentiaire Uerschterhaff

An engem Communiqué deelt d'Associatioun vun de Giischtercher mat, datt op en Neits ee vun den Agenten attackéiert gouf. De Mann wier mat engem Porzeläinsteller an d'Gesiicht geschloe ginn an hätt dobäi Blessuren am Gesiicht an um Kapp erlidden.

auto_stories

1 min

Prisong | © SIP / Jean-Christophe Verhaegen
Prisong (Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen)

D'Associatioun rappeléiert hir Fuerderungen no méi Personal a méi sécheren Aarbechtskonditiounen. Zënter Jore géif net op d'Leit vum Terrain gelauschtert ginn, esou d'Kritik am Communiqué. 

Eréischt viru knapp enger Woch waren dräi Agenten am Prisong zu Schraasseg attackéiert a blesséiert ginn. De President vun der Associatioun vun de Giischtercher, de Samir Djennas, hat am 100,7-Interview betount, datt gewaltvoll Virfäll zwar schonn ëmmer virkomm sinn, mee déi géife sech heefen.