Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Emile Bernard - Divertissement, Op. 36, II. Allegro Vivace - C/O Chamber Orchestra

play_arrow Live
opus

/ Optakt vum Weltwirtschaftsforum zu Davos

Och mat Lëtzebuerger Participatioun

Optakt vum Weltwirtschaftsforum zu Davos

Zu Davos an der Schwäiz trëfft sech vun haut un déi politesch-ekonomesch Weltelite beim Weltwirtschaftsforum. Mat dobäi si 60 Staats- a Regierungscheffen, 900 Cheffe vu groussen Entreprisen a Vertrieder vun Net-Regierungs-Organisatiounen. Am Ganze gëtt mat 2.500 Leit gerechent.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Photoshot
Foto: picture alliance / Photoshot

Haut um Dënschdeg ginn ënner anerem Riede vum ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj a vum israeelesche President Jitzchak Herzog erwaart.

Um Programm sti Kricher, déi Kënschtlech Intelligenz an de Klimawandel.

Um Weltwirtschaftsforum mat dobäi ass och de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel. Hien ass bis muer Mëttwoch an de Schwäizer Bierger.