/ Papua Neiguinea: Méi wéi 2.000 Leit sinn ënnert dem Buedem begruewe ginn
Bilan gouf no uewe revidéiert
Papua Neiguinea: Méi wéi 2.000 Leit sinn ënnert dem Buedem begruewe ginn
A Papua Neiguinea gouf de Bilan vun den Affer nom Äerdrutsch vun der leschter Woch däitlech no uewe revidéiert: Méi ewéi 2.000 Leit wieren ënnert dem Buedem begruewe ginn, esou en neie Bilan, deen d‘Autoritéiten der UNO matgedeelt hunn, mellt Agence France Presse. Bis elo war vu ronn 670 Doudege riets.
Déi méi héich Zuel vun Affer wier doropper zeréckzeféieren, datt am Duerf, wat vum Äerdrutsch begruewe gouf, méi Leit gewunnt hu wéi ursprénglech gemengt gi war.
D‘Duerf gouf vum Äerdrutsch begruewe wéi an der Nuecht vu leschten Donneschdeg op e Freideg een Deel vun engem Bierg sech lass geléist hat. Do virdrun hat et staark gereent an der Regioun.