Radioen

On air

Notturno  |  Arash Safaian - Concerto fir P., Vibraph. a Synth. Nr.1 "Infinite Games", V. In Midair - Sebastian Knauer (Piano), Pascal Schumacher (Vibr.), Zürcher Kammerorchester

play_arrow Live
opus

/ Héichwaasser-Alarm an Tschechien

Wiederdéif "Genua"

Héichwaasser-Alarm an Tschechien

Tschechie preparéiert sech op katastrophal Iwwerschwemmungen. D‘Meteorologe warne vir de Weekend virun enorme Reequantitéite vun den Alpe bis an d‘Tschechesch Republik, Éisträich a Polen eran.

auto_stories

1 min

Héichwaasser | © Mario Hoesel/Adobe Stock
Foto: Mario Hoesel/Adobe Stock

Méiglech wieren de Modeller no bis zu 300 Liter op e Meterkaree. De Waasseroffloss op verschiddene Flëss wéi der Moldau gouf eropgesat. Gréisser Evenementer sinn ofgesot ginn.

Schold ass de Genua-Déif mat enger sougenannter 5B Wiederlag. Déi pompelt fiicht-waarm Loftmassen aus Norditalien an Direktioun Nordosten.