Radioen

On air

Notturno  |  Joseph Horovitz - Music hall suite, II. Trick-cyclistes - Luxembourg Brass Ensemble

play_arrow Live
opus

/ Luxport erhofft sech méi Wuerentransport mam Schëff

De Peage fir d'Schëfffaart fällt ewech

Luxport erhofft sech méi Wuerentransport mam Schëff

Vum 1. Juli d‘nächst Joer u brauchen d’Schëffer op der Musel kee Peage méi ze bezuelen. Dorop hu Frankräich, Däitschland a Lëtzebuerg sech gëeenegt. De Gilles Braquet, CEO vu Luxport (d’Gesellschaft hannert dem Mäerterter Hafen) begréisst déi Decisioun.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

play_arrow
Foto: Chris Zeien

Dat wier e staarkt Signal no baussen an e kloert Bekenntnis vun der Politik zu der Banneschëfffaart, vun deem och de Mäerterter Hafen däerft profitéieren. Deem Hafe säi groussen Atout ass d’Trimodalitéit, also d’Tatsaach, datt Waasser, Strooss a Schinn do zesummelafen.

De Manque-à-gagner fir de Lëtzebuerger Staat ass net ganz héich: all Joer ass ronn eng Millioun Euro iwwer dee Wee an d'Staatskeess komm.

Mäerterter Hafe profitéiert vun Trimodalitéit

Mee och an der Groussregioun wier een iwwer d‘Bunn gutt un d‘Nopeschlänner Frankräich, Belsch an Däitschland ugeschloss, sou de Gilles Braquet.

"An dann hu mir natierlech och de Virdeel vun der eegener Speditioun, déi am Haus sëtzt, dat heescht mir kënnen dem Client eng Solutioun offréieren, déi aus enger Hand kënnt an de Client muss net bei verschidde Prestatairë froe fir seng Déngschtleeschtung ze kréien."

Nieft dem Mäerterter Hafe gehéiert ënner anerem och de Camionstransporteur Lorang zum Grupp Luxport.

Méi kompetitiv duerch d'Ewechfale vum Peage

Et sollt ee sech vum Ewechfale vum Peage awer keng Wonner erwaarden, seet de Gilles Braquet. Haut bezillt ee Cargo-Schëff nach ronn 50 Cent pro Tonn.

"(…) et muss een awer soen, an der aktueller Situatioun sinn och 50 Cent fir en Transportmëttel vill. Dat entscheet heiansdo driwwer, ob ee lo de Wee mam Schëff, oder en aneren hëlt."

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview
Wirtschaft