National

Sproochen-App MALT: Pirate mussen iwwer 70.000 Euro zeréckbezuelen 

A Saache Sproochen-App MALT huet d'Cour des comptes an hirem Spezialrapport onkloer Prozeduren an eng Rei Onreegelméissegkeete festgehalen. Zousätzlech hätten Dokumenter gefeelt, respektiv se waren net komplett. De Spezialrapport iwwer d’MALT-Affär war haut Sujet an der Budgets-Chamberkommissioun.

auto_stories

2 min

D’App MALT war 2015 vun der deemoleger Immigratiouns-Administratioun ausgeschriwwe ginn. D'Partei vun de Piraten, ënner der Leedung vun den aktuellen Deputéiert Sven Clement a Marc Goergen, krut den Zouschlag.

Notzen- a Käschtepunkt 

An der Budgetskontrollkommissioun vun der Chamber war haut de Constat, datt de Projet, deen d'Piratepartei deemools agereecht haten, ni hätt dierfen zeréckbehale ginn. Dat sot de President vun der Kommissioun Dan Biancalana (LSAP). 

"An do war ganz kloer effektiv d'Äntwert vun der Cour, datt de Projet en tant que tel net eligibel hätt dierfe sinn."

D'Ausschreiwung wier deen een Deel, esou den LSAP-Politiker. Et misst een sech awer och d'Fro vum Notze vun der App stellen. Dës wier an hirer Utilitéit sécher gebraucht ginn, mee op se dann och fir déi Zwecker genotzt gi wier, wier onkloer. 

"Mee ass se wierklech genotzt ginn, esou wéi et hätt sollten?

De finanzielle Volet géif awer och nach eng ganze Partie Froen opwerfen. Dat esouwuel a puncto Kontroll vu Staatsfinanzen, wéi och vun europäesche Gelder.

"An do stellt sech natierlech d'Fro par rapport zu den Ausgaben, déi net eligibel sinn, also deementspriechend och net en charge geholl ginn an déi dann deementspriechend och mussen zeréckbezuelt ginn."

16.000 Euro manner wéi uganks geduecht

D’Piratepartei muss ronn 76.000 Euro un europäesch a national Fongen zeréckbezuele, well d'Fraisen net eligibel waren. Bis elo war ee vun 92.000 Euro ausgaangen.

D’Piraten haten hei scho prinzipiell hiren Accord ginn, fir d‘Zomm zeréckzebezuelen. Entretemps ass d‘Affär denoncéiert ginn an den europäesche Parquet féiert eng Enquête.