Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Edvard Grieg - Aus Holbergs Zeit. Suite am ale Stil fir Saxophon Quartett, Op. 40, I. Präludiu - Xenon Saxophone Quartet

play_arrow Live
opus

/ Police duerchsicht den Dikrecher Lycée no Drogen

Direktioun huet Interventioun ugefrot

Police duerchsicht den Dikrecher Lycée no Drogen

D‘Police huet um Dënschdegmoien de Lycée Classique zu Dikrech op Drogen ënnersicht. Déi Meldung vum Wort confirméiert de Parquet op Nofro hin. D‘Direktioun vum Lycée hätt dës Interventioun vum Parquet vun Dikrech ugefrot.

auto_stories

1 min

© Bumble Dee / Adobe Stock

Am Asaz ware Beamte vun der Police judiciaire an d‘Hondsstaffel vun der Police. Schüler vu véier Klassen am neie Gebai wieren ënnersicht ginn. Eng ganz kleng Quantitéit vu Cannabis wier bei engem Schüler fonnt a saiséiert ginn. D‘Eltere goufen informéiert.

De Parquet rappeléiert dPprésomption d‘innocence.