Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Johann Zach - Sinfonia a Sol Majeur, Gottro - Senn C 1, IV. Presto - Barocksolisten München, Dorothea Seel (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Police huet op der Gare presuméierten Drogendealer festgeholl

Police mellt

Police huet op der Gare presuméierten Drogendealer festgeholl

Gëschter Owend huet d‘Police op der Gare e presuméierten Drogendealer festgeholl. Poliziste waren op e Grupp vu verdächteg Persounen opmierksam ginn.

auto_stories

1 min

Eng Persoun ass, wéi se d‘Police gesinn huet, fortgelaf an huet Saachen ofgeschléckt, wéi d‘Police schreift. D'Persoun konnt awer kuerz drop gestallt ginn. Bei enger Scanner-Ënnersichung goufe Friemkierper am Kierper vum Verdächtege festgestallt, op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a kënnt de Moie virun den Untersuchungsriichter.