Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
opus

/ Polnesche Premier op Aarbechtsvisitt: Decisioun fir EU-Topjobs kënnt méi no

Lëtzebuerg-Polen

Polnesche Premier op Aarbechtsvisitt: Decisioun fir EU-Topjobs kënnt méi no

De polnesche Premierminister nennt d’bilateral Bezéiungen exemplaresch. Hien huet op senger Aarbechtsvisitt vu géigesäitegem Vertraue geschwat, dat an dësen Zäiten och néideg wär. Méi Raum huet awer virun der Press déi nei Opstellung vun den europäeschen Institutiounen ageholl.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© SIP / Julien Warnand play_arrow
Foto: SIP / Julien Warnand

Et sinn intensiv Zäiten, sot den Donald Tusk: Hien ass fir d’Europäesch Vollekspartei EVP ee vun den Negociateuren, wat d’Besetze vun de Spëtzte vun EU-Kommissioun, europäeschem Rot an als Aussebeoptraagt ugeet. Nom informelle Sommet, gëschter, zu Bréissel wier een no un enger Eenegung, sou de polnesche Regierungschef. Et wier nämlech zimmlech warscheinlech, datt d’Ursula von der Leyen, den Antonio Costa an d’Kaja Kallas op déi Spëtzeplaze kéimen.

Déi definitiv Decisioun fält wuel d’nächst Woch, mengt den Donald Tusk.

Polen ass Noper vun der Ukrain, déi weider misst ënnerstëtzt ginn, a säi Lëtzebuerger Homolog Luc Frieden hätt d’polnesch Situatioun gutt verstanen. Dee wier den Éischte gewiescht, deen oppe gesot hätt, datt et sech ëm eng europäesch an domat och eng lëtzebuergesch Grenz handele géif.

Et wier wichteg, sou ee Partner ze hunn, betount de polnesche Premier.

Méi enk militäresch Zesummenaarbecht mat Polen analyséieren

Virum Hannergrond vun der Noperschaft zu Russland huet de Luc Frieden ervirgestrach, datt de Grand-Duché kucke géif, wéi een am Beräich vun der Defense méi mat Polen zesummeschaffe kéint.

"Wéi kënne mer eis Satellitten och méi asetzen an der allgemenger Sécherheet? Dat si jo och Pisten, déi d’Lëtzebuerger Regierung och am Kader vun eisem Effort de défense wëll weider entwéckelen."

Et géif op deem Gebitt gemeinsam Responsabilitéiten an Defie ginn. A fir de Premier wär säin Homolog aus Polen e groussen Europäer, dee geséich, dass d’Sécherheetsfro eng gemeinsam Suerg misst sinn.

Von der Leyen, Costa, Kallas: OK fir de Luc Frieden

De Luc Frieden huet sech den Dënschdeg bei der Entrevue mam polnesche Regierungschef Donald Tusk fir d‘Ursula von der Leyen, den Antonio Costa an d‘Kaja Kallas als EU-Spëtzepersonal ausgeschwat. Fir de Lëtzebuerger Premier géif déi Besetzung Sënn maachen, woubäi een eréischt um Ufank vun der Diskussioun wier.

Déi formell Decisioun géif héchstwarscheinlech d’nächst Woch falen. De Luc Frieden hätt och keng Bedenke géint den Antonio Costa, dee jo a Portugal an eng Korruptiounsaffär verwéckelt war.

Et misst een elo d‘Justiz hir Aarbecht maache loossen, seet de Luc Frieden, hie géif an enger eventueller Nominatioun vum Antonio Costa op allefall kee Probleem gesinn.

De Luc Friedenplay_arrow

"Ech wëll och soen, dass den Här Costa e gudde Frënd vu Lëtzebuerg och ass. Ech kennen den Här Costa zanter 25 Joer, well en och mat mir Innen- a Justizminister war, mee et ass un de Sozialisten, fir hire Kandidat ze proposéieren."

Aktualitéit
Europa
Europawalen
International