De Luc Frieden huet erkläert, datt Lëtzebuerg säi Wonsch op EU-Niveau eréischt formuléiert hätt, wéi Frankräich an d’Slowakei d’Sträiche vum aneren Oligarch Alischer Usmanow gefrot gehat hätten.
"Ännert näischt u Lëtzebuerger Ënnerstëtzung fir d'Ukrain"
Doriwwer wier tëschent den eenzelne Länner diskutéiert ginn.
"Um Enn vun där Diskussioun, déi sech e puer Deeg sech erstreckt huet, ass d'Decisioun geholl gi fir d'Lëscht weiderzeféieren, op dräi Joer iwwregens, fir datt déi Diskussiounen net ëmmer erëm opkommen, mee d'Länner waren d'Accord zwee Leit erofzehuelen."
Dorënner eben och de Fridman, dee Lëtzebuerg fir 16 Milliarden Euro Schuedenersatz ugesicht hat, esou de Premier.
"Am héijeren Interêt vum Land, hu mir déi Decisioun geholl, och nodeem mer mat villen aneren doriwwer geschwat hunn. Dat ännert näischt un eiser staarken Ënnerstëtzung fir d'Ukrain."
D’EU-Staate ware sech een Dënschdeg eens ginn, hir Sanktioune géint ënner anerem de Michail Fridman opzehiewen. De Michail Fridman fuerdert virun engem internationale Schidsgeriicht ronn 15 Milliarden Euro vu Lëtzebuerg, well säi Verméigen hei am Land wéinst den EU-Sanktiounen agefruer gi war.
Zur Fro, ob et eng Zouso vum Michail Fridman gëtt, datt dës Prozedur elo ausgesat gëtt, wollt de Premier haut keng Ausso maachen.