Drone-Virfall

Premier: Et kéint een nach keng Conclusioun zéien, wien hanner den Drone stécht

Duerch d’Dronevirfäll aus de leschten Deeg hätt et keng direkt Gefor fir d’Populatioun ginn, huet den CSV-Premier Luc Frieden de Moien op engem weidere Point Presse confirméiert. Dee Moment, an deem esou Drone kommen, wéisst een dat awer selbstverständlech net. D'Opposition äussert Kritik.

auto_stories

5 min

headphones

1 min

© Serge Kesseler play_arrow
(Foto: Serge Kesseler)

D'"Team Lëtzebuerg" hätt bei dëse Virfäll funktionéiert, esou de Regierungschef. Dobäi hätt et och eng Kooperatioun mam Ausland ginn, virun allem mat Frankräich a mat der Belsch, mee och mat Däitschland, Holland a mat den USA.

Et wier keng direkt Gefor fir d'Populatioun ginn, huet de Premier verséchert. 

"Dee Moment, wou esou Drone kommen, weess een dat selbstverständlech net. An dat kann een och net wëssen." 

No de Virfäll hätt een decidéiert, datt weider Anti-Drone-Systemer schonn dëst Joer soll kaaft ginn, an net wéi geplangt eréischt 2027, esou eng Ausso de Moie vum Premier. Wéi vill dofir investéiert gëtt, wollt hien net soen.

Premier: Eng Regierung sollt net spekuléieren

Den Haut-Commissaire à la protection nationale Guy Bley huet de Moie gesot, et wiere gréisser Dronen observéiert ginn. Hie kéint awer keng Ausso maachen, wou d’Dronen hierkoumen. D'Analyse wieren nämlech nach amgaangen, erkläert de Premier Luc Frieden.

"Et ass net responsabel fir eng Regierung ze spekuléieren. Jiddweree vun Iech, jiddweree vun eis mengt vläicht dat eent oder dat anert. Mee eng Regierung kommunikéiert, wa se Sécherheet huet iwwer eppes."

Och am Ausland wéissten d'Regierungen dacks net, wien hanner esou Virfäll stécht, esou de Premier. 

"Dat ass also net spezifesch Lëtzebuergesch. Mir fannen et net responsabel eppes an d'Welt ze setzen, wat net 100 Prozent verifiéiert ass. Dofir schaffe mir och mam Ausland zesummen. Do gesäit een, datt am Fong just, wann d'Dronen um Buedem sinn, kann ee genee soe wat et war. Mir hunn Elementer, mee mir hu keng Conclusioun, déi mer doraus kënnen zéien, wie kënnt dohanner stoen."

Mat dobäi um Point presse waren ënner anerem d'Ministere Yuriko Backes a Léon Gloden, an och de Police-Generaldirekter Pascal Peters, deen ënner anerem gesot huet, datt Lëtzebuerg scho Material hätt, fir am Fall wou Drone vum Himmel ze huelen. 

Drop schéisse war keng Léisung

Wann een awer eng gréisser Dron neutraliséiert, da wier de Risk vun heftegem Schued um Buedem grouss, huet de Premier gewarnt. 

"Wann esou eng Dron vun ee bis zwee Meter ënnen op de Buedem fält, da riskéiert dat Mënscheliewen a Gefor ze setzen. Dofir ass dat eng Ofweiung, déi muss gemaach ginn. Déi huet d'Police gemaach, déi hunn d'Sécherheetsorganer gemaach, déi ass och mat eis gedeelt ginn." 

Et hätt een awer keng confirméiert Elementer iwwer d’Gréisst vun den Dronen, esou sengersäits den Direkter vun der ANA (Administration de la Navigation Aérienne) Andrea Drescher.

"Déi ganz Geschicht vun der Detektioun ass een technologesche Krich an et ass kloer, dass an deem wat d’Regierung an Zukunft wäert decidéieren, dass do net alles kann un d’Ëffentlechkeet goen, wa mer an deem Krich wëllen eng petite longuer d’avance hunn."

Esou Phenomener kéinte sech widderhuelen

An der leschter annerhallwer Woch waren e puer Mol Dronen iwwer Lëtzebuerg gemellt ginn: e Freideg den Owend an e Méindeg den Owend hat dowéinst de Fluchtrafick um Findel mussen ënnerbrach ginn, erënnert de Guy Bley. 

"Déi observéiert Phenomener fir eis am aktuelle Kontext suggeréieren, datt dëst eng illegal a potentiell béiswëlleg Violatioun vun eisem Loftraum war, déi hätt kënnen nationalen Interesse schueden."

D’Verteidegungs- a Mobilitéitsministesch Yuriko Backes konnt net ausschléissen, datt och an Zukunft erëm Dronen iwwer d’Landepist um Findel kéinte fléien.

"Wou dann eis Prozeduren nees gräifen a mer nees de Flughafe misste fir eng Zäitchen zoumaachen. Ech kann Iech haut net soen, datt dat net wäert geschéien."

Dat ass d’selwecht géif fir déi aner Fluchhäfen an Europa gëllen, esou nach d'Ministesch. 

© Chambre des Députés
(Foto: Chambre des Députés)

Kritik vun der Oppositioun 

No der Pressekonferenz kritiséieren d'Oppositiounsdeputéiert op en Neits d'Kommunikatioun vun der Regierung. Déi gréng Deputéiert Sam Tanson fënnt op Nofro hin, et misst ee sech froen, firwat d'Regierung eng Pressekonferenz ofgehalen huet wa se näischt Neies géifen ukënnegen. 

Et wier normal, datt d'Regierung näischt iwwer eng lafend Enquête ka soen, mee hir Kommunikatioun iwwer d'Drone-Virfäll wier onkloer an zum Deel esouguer kontradiktoresch, fënnt d'Sam Tanson. 

"Déi eng ginn eraus a soen, et ass keng Gefor fir d'Populatioun. Anerer soen, dat kéint een elo net soen. Et ginn dann awer och zum Deel Terme benotzt, déi vu béiswëlleger Verletzung vum Loftraum schwätzen. Dat heescht, an enger Situatioun, déi schonn eng gewëssen Onsécherheet mat sech bréngt, ass dat elo net grad d‘Populatioun elo rassuréieren."

Eng Rei Froe wiere guer net beäntwert ginn, seet d'Sam Tanson. Déi Meenung deelt den ADR-Fraktiounschef Fred Keup.

"Op där enger Säit ass et natierlech, jo, si kënnen net vill derzou soen, well si wëssen et jo net. Op där anerer Säit natierlech ginn se domadder och kee gutt Bild of."

Méi Froen op wéi Äntwerten

Och d‘LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding huet op eis Nofro hi vun enger schlechter Kommunikatioun vun den Autoritéite geschwat. 

"Den Androck ass, datt elo nach méi Onkloerheeten entstane sinn, wéi datt et der Regierung elo gelongen ass, d'Vertrauen hirzestellen." 

Zum Beispill géif d'Regierung engersäits soen, et hätt keng direkt Gefor fir d'Leit ginn... 

"Gläichzäiteg weess se awer net, wou déi Dronen hierkommen, wien se stéiert a wéi eng Zort Dronen et waren. Do ass awer d'Fro erlaabt: Op Basis vu wat genee kann een dat dann esou kategoresch ausschléissen, datt keng Gefor bestanen huet?" 

D‘Regierung misst den neien Dronen-Aktiounsplang elo konsequent ëmsetzen, sou nach d‘Deputéiert vun LSAP, déi Gréng an ADR. D‘Regierung hätt sech e Resilienz-Plang ginn. Elo misst se weisen, wéi resilient d‘Land wierklech ass, géint Dronen, an aner "hybrid" Attacken.

Lauschterenplay_arrow