Radioen

On air

De gemittlechen Owend  |  

play_arrow Live
opus

/ Primal Scream – Come Ahead

Album vun der Woch

Primal Scream – Come Ahead

No enger aacht Joer Paus brénge Primal Scream awer nach en Album eraus. Dës Kéier si si am Funk ënnerwee.

auto_stories

2 min

Foto: Primal Scream / Bandcamp

De Frontmann Bobby Gillespie huet sech 2019 eleng mat enger Akustik Gittar dohinner gesat an Texter geschriwwen. Deemools wosst hie selwer nach net, datt dorauser géing den neie Primal Scream Album entstoen. Nodeems hie sech de Gittarist Jim Beattie an ale Produzentekolleeg David Holmes mat an d’Boot geholl huet, war dunn awer zimmlech séier kloer, datt hei en neien Album vun der Band an der Maach wier. 

Primal Scream mécht elo Funk 

Op et elo wéinst der aacht Joer Paus ass, oder well Primal Scream souwisou ëmmer an en anere Genre eraspréngt, dës Kéier ass d’Band dann am Funk ukomm. D’Produktioun ass knaschteg, oder einfach net ganz perfekt, mee et invitéiert sech ze beweegen. Do ass da vläit awer nach bësse Punk oder Rock mat hänke bliwwen. E Chouer begleeden de Frontmann op ville Lidder, wat de Sound nach méi eepesch klenge léist. 

Gesang steet dës Kéier am Vierdergrond

Wat dës Kéier wierklech nei um Album fir d’Band Primal Scream ass: Den Text ass virun der Musek entstanen, an d’Musek gouf op den Text ugepasst. Dat war soss ëmmer ëmgedréint. Doduerch steet och dem Bobby Gillespie säi Gesang am Vierdergrond, deen ass op den alen Alben heiansdo mei an den Hannergrond gefall. Deementspriechend seet de Frontmann och, et wier de perséinlechsten Album, deen d’Band bis elo jee erausbruecht hätt.  

Konflikt banne wei baussen

Am ganzen Album zitt sech d’Thema vum Konflikt, entweder bannendra mat sech selwer, oder bausse mat der Welt a wat do alles schif leeft. Och en 63-järege Bobby Gillespie ass nach ëmmer bei sengem Message: Nidder mat de Faschoen. Erfrëschend och vun sou engem ale Mann dat ze héieren. Dat seet och warscheinlech méi iwwert de Stand vun eiser Welt wei iwwert de Frontmann oder d’Band selwer.

De Bobby Gillespie steet jo scho säit Joren hannert deem Message a jäizt en och scho säitdeem haart an de Mikro. Och wann en dat op dësem Album vläit besser héiert wei op de mei alen. De Message vum Album schéngt ze sinn: Mir sinn an enger Welt voll mat Verzweiflung, mee wéinstens kënne mer zesumme verzweifelen.