Datt hien ni wéilt eppes anescht gi wéi Museker, dat war fir de Richard Hawley (Joergang 1967) schonn als Kand kloer. “I never wanted to work for the man”, huet hien dem brittesche Guardian eemol an engem Interview gesot. Säi Papp, den Dave Hawley, huet wuel fir “the man” geschafft, ustrengend Schichten als Stolaarbechter, fir d’Famill duerchzebréngen. Mee no Feierowend huet hie sech d’Gittar ëmgehaangen an ass an d’Sheffielder Clubs spille gaangen. Och dem Richard Hawley seng Mamm ass als Sängerin opgetrueden.
Sheffield ass ëmmer de Sujet
Vu sengem Papp huet de Bouf Gittar spille geléiert an och d’Virbiller iwwerholl: de Roy Orbison, d’Shadows, den Elvis Presley. Op den zéng Solo-Albume vum Kënschtler fënnt een ëmmer erëm Zitater a Referenzen op de klassesche Rockabilly, Country a Soul. Wärend de Richard Hawley sech musikalesch tëscht Graceland an Nashville situéiert, sou bleift de Sujet vu sengem Wierk ëmmer Sheffield. Seng Placken huet hien nom “Coles Corner” benannt, wou sech Koppele Rendezvous ginn, oder no der “Lady’s Bridge”, der eelster Bréck vu Sheffield, déi do schonn zënter dem Mëttelalter iwwer de River Don féiert.
Och d'Léift ass een zentraalt Theema um Album
Den Titel vum neien Album “In This City They Call You Love” verweist op d’Ugewunnecht vun den Awunner vu Sheffield, bal all hir Säz mat “love” opzehalen. “Have a good day, love” héiert een da vu Wëllfriemen, an et ass gläichzäiteg tréischtend a kann awer eidel kléngen, wann et net méi wéi eng Floskel bleift. “People in this city call you love”, séngt de Richard Hawley am Titel “People”, “but it’s a lonely, lonely, lonely, lonely love”. Ëm d’Einsamkeet geet et och an der Single “Prism in Jeans” (“There is an epic loneliness that you just can’t hide and you just can’t fix”), an “Heavy Rain” séngt hien iwwer d’Waarden op besser Zäiten an d’Verlaangeren no enger vergaangener Léift.
Dem Richard Hawley seng Crooner-Stëmm wierkt wéi genee fir déi Gefillslag geschaf. Als “Sinatra vu Sheffield” gëtt hien heiansdo bezeechent, allerdéngs zitt hien déi suergfälteg duerchkomponéiert Miniatur dem grousse Geste vir. Iwwer 80 Lidder hat hien an der Zäit vun der Pandemie geschriwwen, an sengem Gaardeschapp, deen hien “Disgraceland” gedeeft huet, an dono déi bescht fir “In This City They Call You Love” zeréck behalen.
Ënner dem Afloss vun den Arctic Monkeys
Natierlech kéint een dem Richard Hawley virwäerfen, sech a senger zwanzegjäreger Karriär ni wierklech aus senger Komfortzone erausgewot ze hunn. Anerersäits ass hien awer och e Museker, dee genee weess, wéi hie klénge wëll an deem seng Lidder dofir net aus der Zäit gefall kléngen, mee zäitlos schéin. Ee vu senge gréisste Fans ass den Alex Turner vun den Arctic Monkeys (déi iwweregens och vu Sheffield kommen) – an den Afloss vum Richard Hawley héiert een dann och op de rezente Placke vun den Arctic Monkeys eraus, wéi zum Beispill am Titel “There’d Better Be A Mirrorball” vun 2023. Als Kollaborateur ass de Richard Hawley genee esou beléift, sou war hien zum Beispill eng Zäit laang Member vun der Band Pulp, hien huet mat Elbow geschafft, an iwweregens och mat der verstuerwener Lisa Marie Presley en Album opgeholl.
D’Musek vum Richard Hawley géif an engem Gefiller ausléisen, vun deenen een net wéist, datt een se hätt, sou heescht et an enger Kritik zum neien Album. Beim Lauschteren “In This City They Call You Love” fänkt een tatsächlech un no enger Stad ze verlaangeren, an där een net doheem ass, an no enger Zäit, déi een net kannt huet.