De Prix Servais 2025 ass fir der Anne-Marie Reuter hiert Wierk “M for Amnesia”.
Dat huet d’Fondation Servais an engem Communiqué matgedeelt.
D’Buch “M for Amnesia” war 2024 beim lëtzebuergesche Verlag Black Fountain Press eraus komm.
Iwwer d’Buch “M for Amnesia” diskutéiert gi war den 20. Oktober 2024 an eiser Literaturemissioun Valibrairie.
Präis fir dat bedeitendst Buch vum Joer
De Servais-Präis ass mat 7.500 Euro dotéiert.
Dëse Präis gëtt et zënter 1992. Domat ausgezeechent gëtt all Kéier dat bedeitendst Buch aus dem viregte Joer.
D’lescht Joer war de Servais-Präis un de Samuel Hamen gaangen.