Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Giuseppe Tartini - Sonat fir Gei a Cello a La Majeur, B.G A 4, I. Allegro - Duo Tartini

play_arrow Live
opus

/ Prozess wéinst Opruff zum Haass mat Hin an Hier

Riichter onsécher

Prozess wéinst Opruff zum Haass mat Hin an Hier

Direkt e puer Wendungen huet e Prozess wéinst Opruff zum Haass, Méindegmëtten, um Dikrecher Geriicht geholl. Well am Verlaf dovun net 100 Prozent konnt gekläert ginn, ob den Ugekloten och den Auteur vun de Faite war, huet de Vertrieder vum Parquet säi Requisitoire nämlech zweemol ugepasst. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Eric Ewald play_arrow
(Foto: Eric Ewald)

U sech hat e Mann vu 46 Joer virgehäit kritt, am Juli zejoert ënner engem Facebook-Post vum radio 100,7 diskriminatoresch Kommentarer iwwert d’Tatta Tom publizéiert ze hunn. 

Den Tom Hecker liest, als Personnage vun der Tatta Tom, Kanner zum Beispill Geschichten zu LGBTQIA+-Sujete vir. Ënner engem Post um 100,7-Facebook-Kont hat deemools eng Persoun strofrechtlech relevant Kommentarer publizéiert.

Sujet géif Ugekloten net um Häerz leien

De Prozess huet sou ugefaangen, wéi vill Opruff zum Haass-Affären ufänken: Andeems de Beschëllegte seet, hie kéint sech net dorun erënneren, dat geschriwwen ze hunn. Dem Mann no wier dat nämlech kee Sujet, deen him besonnesch um Häerz leie géif. Woubäi hien zouginn huet "staark Usiichten zu aneren Themaen" ze hunn. Zum Beispill zu de Covid-Mesuren.

Den zoustännegen Enquêteur vun der Police judiciaire huet erkläert, de Facebookkont vum Ugeklote wier schonn e puermol opgefall wéinst Aussoen, déi "limit" waren. De Mann wier och op de Policebüro geruff ginn, awer net dohi komm. Wéi deen dunn nach emol betount huet, de Kont, vun deem de Post fortgeschéckt gouf, wier net säin, koume bei de Riichtere sou lues Zweifelen op.

Affär ausgesat

Nawell huet de Vertrieder vum Parquet an enger 1. Phas eng Prisongsstrof vun dräi Méint mat Sursis probatoire gefrot. D'Oplo bestéing doran, datt de Beschëllegte Course bei SOS Radicalisation suivéiere géif. 

Wéi dee sot, hien hätt nach ni eppes ënnert sengem zweete Virnumm gepost, an de PJ-Enquêteur, hie kéint net 100 Prozent soen, datt et den Ugeklote wier, sot de Vertrieder vum Parquet, op Grond vun Zweifele misst de Mann da fräigesprach ginn. Ier sech um Enn drop gëeenegt gouf, datt dee bei d’Police laanschtgoe sollt, fir de Fall ze klären, an datt d’Affär bis dohin ausgesat wier.

Lauschterenplay_arrow