Radioen

On air

Notturno  |  Pjotr Iljitsch Tschaikowski - Variatiounen iwwert ee Rokoko Thema fir Cello, Op. 33 - Françoise Groben (Cello), Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, David Shallon (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Zukünfteg Regierung soll politesch Divisiounen iwwerwannen

Frankräich

Zukünfteg Regierung soll politesch Divisiounen iwwerwannen

A Frankräich wäert dës Woch eng nei Regierung presentéiert ginn. Nach ginn et vill Rumeuren, wéi dës kéint ausgesinn. Déi grouss Fro ass virun allem, ob och lénk Ministeren a Ministerinnen an der neier Regierungsekipp wäerte vertruede sinn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Michel Barnier | © picture alliance / ROPI | Cesareo/Fotogramma play_arrow
Foto: picture alliance / ROPI | Cesareo/Fotogramma

Max Tholl (Paräis)

Am olympesche Geescht bleiwen: Dat war de Message vum franséische Premier Michel Barnier no de Feierlechkeete fir déi franséisch Olympia-Athleeten an Athleetinnen um Samschdegowend.

Regierung soll breet opgestallt ginn

Et misst een elo zesummeschaffen, fir déi politesch Divisioun ze iwwerwannen. Mat Spannung gëtt elo erwaart, mat wéi enger Regierungsekipp de Barnier dat packe wëllt. De Premier hat am Virfeld schonn uklénge gelooss, datt hien eng Regierung wëllt, déi breet opgestallt ass.

Fir de fréiere President François Hollande kéint dat awer schwéier ginn. Well de Barnier Member vun enger Partei ass, déi knapp 8 Prozent bei der Wal erreecht huet, a well hien d’Zoustëmmung vum rietsextreemen RN huet, ass eng Regierungsparticipatioun vun der Gauche onméiglech, esou den Hollande gëschter um franséischen RTL.

Les Républicains wäerten d'Regierung wuel net dominéieren

Fir de François Bayrou, Chef vum Modem, ass et awer dréngend néideg och lénk Persounen an der Regierung ze hunn, wéi hie gëschter Owend op BFMTV erkläert huet. D'Rumeur, datt de Barnier eng Regierung kéint opstellen, an där seng Partei Les Républicains dominéiert, hält de Bayrou fir wéineg warscheinlech. Esou eng Regierung hätt keng Chance a seng Partei géing sech och net un esou enger bedeelegen.

Eng minoritär Partei kéint dem Land net seng Politik opzwéngen, esou de François Bayrou, dee sech och dofir ausgeschwat huet, bei der neier Regierung keng oder bal keng Persounen aus der leschter ze iwwerhuelen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
International
Politik