Risege Pëtrolsteppech breet sech virun der Küst vum Oman aus
Virun der Küst vun Oman breet e Pëtrolsteppech sech ëmmer méi aus. Dat nodeems e Pëtrolstanker um Grond opgelaf ass. Ëmweltorganisatioune warne virun enger Ëmweltkatastroph. De Pëtrolsteppech wier an Tëschenzäit op eng Fläch vu ronn 600 Quadratkilometer gewuess.
Pëtrolsteppech um Mier (Symbolbild) (Foto: picture alliance / ingo kutsche)
An dat an enger ökologesch sensibeler Regioun, seet Greenpeace. Der Ëmweltorganisatioun no wieren ënner anerem Koralleriffer, Mieresschildkröten an Zuchvigel a Gefor.
D‘Schëff huet Schätzungen no 110.000 Tonne Pëtrol gelueden. Et besteet de Verdacht, datt et zur sougenannter russescher Schatteflott gehéiert, mat där Russland d‘Sanktioune géint Pëtrolsliwwerungen ëmgeet.