Datt d'Bündnis Sahra Wagenknecht säi Parteidag an der aler westdäitscher Haaptstad Bonn ofgehalen huet war Taktik. Well am däitsche Weste sinn d'Sondageswäerter vum BSW schlecht. Esou schlecht, datt et iwwerhaapt net méi sécher ass, datt d'Partei et den 23. Februar iwwerhaapt wäert an de Bundestag packen. An dat, obwuel d'BSW d'lescht Joer bei der Europawal aus dem Stand 6,2 Prozent vun de Stëmme krut an an den ostdäitsche Bundeslänner Thüringen a Brandenburg esou staark war, datt se souguer Deel vun der Regierung sinn. Een Deel vum Problem: D'BSW vertrëtt Theemen, déi am Oste vum Land gutt, am Westen awer guer net gutt funktionéieren.
Zum Beispill ass d'Partei géint den Asaz an d'Liwwerung vun däitsche Waffen un d'Ukrain. Si fuerdert och, datt Sanktioune géint Russland solle gestrach ginn an Däitschland nees russesche Gas soll importéieren. Dat si Fuerderungen, déi am Oste besser funktionéieren an déi och déi rietsradikal AfD vertrëtt. Dat ass den zweeten Deel vum Problem.
D'BSW ass net kloer Deel vun engem oder deem anere politesche Lager. Wat d'Migratioun an Asylpolitik ugeet, ass d'BSW ganz no un der Linn vun Unioun an AfD, also Asylstopp, Leeschtungskierzungen, Abschiebungen. An hirer Sozialpolitik, par konter, ass d'BSW praktesch op enger Linn mat der SPD oder der Lénkspartei. Si fuerdert zum Beispill e Mindestloun vu 15 Euro an eng minimal Pensioun vu 1.500 Euro de Mount. Dee Spagat ass fir vill Wieler schwéier ze maachen. An de Sondagë steet d'BSW am Moment tëscht véier a sechs Prozent. Op d'Partei also d'Fënnef-Prozent-Hürd packt fir an de Bundestag ze kommen, kéint eng vun de ganz knappen Decisiounen um Walowend ginn.