Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Setzen d'Lëtzebuerger Banken d'Zënsen op Immobilieprêten erof?

No EZB-Entscheedung

Setzen d'Lëtzebuerger Banken d'Zënsen op Immobilieprêten erof?

D'Entscheedung vun der Europäescher Zentralbank (EZB) fir hire Leetzëns virun 2 Wochen erofzesetzen huet e wesentlechen Impakt op d'Lëtzebuerger Banken an hir Clienten. Mee firwat dauert et esou laang, bis d'Banken där Decisioun nokommen an hir Zënsen och erofsetzen?

auto_stories

2 min

Foto: picture alliance / Geisler-Fotopress | Burkhard Schubert/Geisler-Fotopr

Wann d'EZB hir Richtlinnen annoncéiert, analyséieren d'Banken als éischt d'Auswierkungen, erkläert de Jerry Grbic vun der Bankelobby ABBL. D'Banke mussen intern Prozeduren aktivéieren, déi als "Asset and Liability Management" bezeechent ginn. Dëst géif bedeiten, datt se hir laangfristeg Engagementer a Maartpositiounen analyséieren, fir déi bescht Decisioun ze huelen.

No enger EZB-Entscheedung hunn d'Banken ee Mount Zäit

Wann eng Entscheedung geholl ass, géifen d'Banken hir Clienten informéieren. Si hätte vun deem Moment un ee Mount Zäit fir hir Mesuren ëmzesetzen, seet de Jerry Grbic. Dat géif alles mat sech bréngen, datt et no där Annonce vun der Zentralbank net direkt deen Dag duerno ëmgesat géif ginn.

D'Spuerkeess reduzéiert den Zënssaz op variabele Prêten

D'Spuerkeess huet zum Beispill decidéiert, d'Zënssätz op variable Hypothéikeprêten ëm 0,50 Prozent ze reduzéieren, wat vum 1. Juli 2024 un a Kraaft trëtt. Dës Entscheedung baséiert op de Prognosen iwwer d'Entwécklung vun de Finanzmäert fir déi nächst Méint, heescht et op Nofro hin. D'BIL huet vun hirer Säit annoncéiert, datt si d'Zënssätz op variabel Prêten ëm 0,25 Prozent erofsetzt, wat och vum 1. Juli 2024 u gëllt. Vun der BGL heescht et, datt si weider Analysen duerchféieren an dann hir Clienten informéieren.

Lauschterenplay_arrow