Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
opus

/ Syvicol: Ëffentlech Ausschreiwungen am Gemengesecteur aktuell geréng

No Aussoen aus dem Bausecteur

Syvicol: Ëffentlech Ausschreiwungen am Gemengesecteur aktuell geréng

Den Emile Eicher, President vum Gemengesyndikat Syvicol, confirméiert, datt déi ëffentlech Ausschreiwungen am Gemengesecteur den Ament méi lues lafen. Et géifen deemno aktuell net souvill Bauprojeten ëffentlech ausgeschriwwe ginn, wéi nach virun der Kris.

auto_stories

1 min

© Morgane Weidig
Foto: Morgane Weidig

Een Haaptgrond dofir wiere weiderhin d'Präisser, sou den Emile Eicher op eis Nofro hin. 

"Dat huet vläicht och mat der Finanzéierung vu verschiddenen Gemengen ze dinn. Och do sinn der vill, déi e bësselchen zécken, well d'Präisser jo explodéiert, waren. A si erhoffen och, datt si Kredit-Bedingunge kréien, déi méi gënschteg sinn. Do ass d'Tendenz jo éischter, datt d'Konditioune besser ginn an Zukunft, wéi datt d‘Tauxen erop ginn."

Dat kéint vläicht och ee vun de Grënn sinn, mengt den Emile Eicher. Mee: "Vläicht muss een och do nach eng Kéier mat de Banken diskutéieren, wat si eis do kënne bidden."

De President vun der Federatioun vun den Entrepreneuren, Roland Kuhn, hat, grad wéi den Direkter vun der d'Chambre des Métiers, Tom Wirion am 100,7-Interview betount, et géing un ëffentlechen Ausschreiwunge feelen. Déi nächst Méint géingen dem Roland Kuhn no schwiereg ausgesinn. Et hätt een net méi fir laang Aarbecht, sot hien an huet un den ëffentleche Secteur appelléiert, rëm méi auszeschreiwen.

Artikel: Ilana Joseph