Par Rapport zu de Previsiounen aus dem Mee ass dat eng Revisioun vu Minus 0,7 Prozentpunkten. Grond dofir wieren ënner anerem méi niddreg Energiepräisser an d‘Mesuren aus dem Resilienzpak.
A sengem Basiszenario geet de STATEC dovun aus, datt déi nächst Indextranche eréischt am drëtte Quartal d‘nächst Joer erfält. Am Fall vun enger méi staarker Hausse vun den Energiepräisser kéint d‘Indextranche awer schonn am véierte Quartal dëst Joer ausgeléist ginn.
Joresinflatioun bleift d'nämmlecht
Déi aktuell Joresinflatioun zu Lëtzebuerg ass am Juli onverännert bei 2,2 Prozent bliwwen. D'Energiepräisser louchen zwar nach ëmmer 7,1 Prozent iwwer dem Niveau vum Juli d'lescht Joer, si sinn awer weider zeréckgaangen, esou nach de STATEC.