Am opus 100,7-Podcast ‘The Dora Journey’ ass scho vill iwwer d’Dora Pejačević erzielt ginn. Mee elo schwätzt d’Komponistin selwer duerch hir Tagebicher a Bréiwer. D’Schauspillerin Fabienne Elaine Hollwege verkierpert d’Komponistin an den Trio Dora ënnermoolt déi perséinlech an intim Ablécker an déi opreegend Liewensgeschicht mat Kammermusekwierker vun der Dora Pejačević.
Programm:
Dora Pejačević (1885-1923):
Trauermarsch op. 14 (Extrait)
Trio op. 15: I. Allegretto «Warum» op. 13
Trio op. 29: II. Scherzo – Trio (extrait)
Trio op. 29: III. Lento – Allegretto (extrait)
Klage (Sechs Phantasiestücke op. 17/4)
«Verwandlung» op. 37a (arr. Trio Dora)
Grazioso (Walzer-Capricen op. 28/2)
«Ich glaub lieber Schatz» op. 30/3
Trio op. 29: IV. Finale
Trio op. 29: I. Allegro con moto
Trio op. 15: III. Adagio
Interpreten:
Fabienne Elaine Hollwege, Schauspillerin
Trio Dora (Carole Mallinger-Leyers, Gei; Yves Tordy, Cello; Annalena Castagna, Piano)
Dësen Optrëtt gouf den 23. November 2024 am Mierscher Theater opgeholl. D'Opnam ass nach bis de 7. Januar 2025 disponibel.