Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Pjotr Iljitsch Tschaikowski - Sinfonie Nr.6 a Si Mineur, Op. 74 "Pathétique", III. Allegro Molto Vivace - Berliner Philharmoniker, Kirill Petrenko (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Stater Barreau: Digitalisatioun vun der Justiz net ambitiéis genuch

Justiz

Stater Barreau: Digitalisatioun vun der Justiz net ambitiéis genuch

Zënter e puer Mandater huet de Stater Barreau ganz gutt Relatiounen zu de jeeweilege Justizministeren: Dat huet de Bâtonnier, de Me Albert Moro, bei der Rentrée judiciaire vun der Affekotevertriedung ervirgehuewen. Op engem Punkt weist ee sech awer nach net ganz zefridden.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© unsplash play_arrow

“Mir gi respektéiert, mir gi gelauschtertw", sou de Me Albert Moro vum Stater Barreau. Dat géing een och un der Unzuel vu Projet-de-loie gesinn, déi de Barreau geschéckt kritt, fir säin Avis ofzeginn. Et wier also eng respektvoll Realtioun mat engem gudden Echange, esou de Me albert Moro.

"Wat net empêchéiert - an dat däerf dat och net empêchéieren, dat ass och gutt -, dass jidderee säi Rôle spillt, dass mir net ëmmer averstane sinn, mä op d’mannst kënne mir eis et soen an et gëtt drop gelauschtert.”

Fir déi no Zukunft leien dem Stater Barreau e staarkt Beruffsgeheimnis vun den Affekoten an eng besser Digitalisatioun vun der Justiz besonnesch um Häerz.

Digitalisatioun: Belsch als Virbild?

D’Digitalisatioun vun der Justiz dann ass der Affekotevertriedung net ambitiéis genuch a kënnt net séier genuch virun. Et kéint een de Moment just an zwou a geschwënn dann an 3 Matièrë Justizdemanden elektronesch deposéieren. De Me Albert Moro nennt e Beispill.

“Et kann een, säit elo enger gewësser Zäit, en matière de référé administratif, virum Tribunal administratif, seng Demande deposéieren, électroniquement, mee nëmme géint Decisiounen, déi géint de Stat ginn. Dat heescht all déi aner Decisiounen, do ass et guer net méiglech."

De Stater Barreau wënscht sech eng, "richteg Digitalisatioun”. A sengen Ae sollt ee sech heifir un der Belsch oder awer um Europäesche Geriichtshaff orientéieren.

Wat d’Beruffsgeheimnis ugeet, hätt den Europäesche Geriichtshaff dat duerch e rezent Urteel gestäerkt. Si begréissen dat rezent Urteel vum Europäesche Geriichtshaff zum Beruffsgeheimnis vun Affekoten. Et hätt nämlech eng Tendenz ginn, fir Differenzen ze maachen tëscht der Defense an der Berodung vun engem Client, esou de Bâtonnier Albert Moro virun der Press. 

Europäeschen Dag vun den Affekoten

E Freide ginn et iwwerdeems am Kader vum europäeschen Dag vun den Affekoten gratis juristesch Berodungen, dës Kéier zum Familljen-, Aarbechts-, Loyers- an Immigratiounsrecht.

Op deem Dag, deen 2014 an d’Liewe geruff gouf, gëtt et gratis juristesch Berodunge fir de grand public. Dëst Joer stinn also d’Familljen-, d’Aarbechts-, d’Loyers- an d’Immigratiounsrecht am Mëttelpunkt. Firwat grad déi? 

“Well mir gesinn hunn: An deene Consultation-juridiquen, déi haut scho samschdes offréiert ginn duerch d’Affekoten an duerch d’Justiz allgemeng, sinn dat déi Sujeten, déi am meeschten zeréckkommen.”

Tëscht 8 Auer moies a 7 Auer owes kënnen Interesséierter dofir an d’Cité judiciaire kommen. Alternativ kann een um Telefon 46 72 72-1 no Rot froen. Pro Consultatioun ass eng hallef Stonn virgesinn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Justiz
National