Dëse Concert kënnt dir bis den 29. Januar 2025 zu all Moment an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.
No enger Introduktioun duerch dem Richard Strauss säin “Don Juan”, bei deem d’Leidenschaft an d’Begieren no de Fraen thematiséiert gëtt, ass et dem Max Bruch säin éischte Geie Concerto, dee vun der koreanescher Violonistin Bomsori Kim an dem WDR Sinfonieorchester ënnert der Leedung vum Cristian Mǎcelaru gespillt gëtt.
Dono steet déi franséisch Komponistin Mélanie Bonis am Fokus, déi Zäit hires Liewens ënnert dem Pseudonym Mel Bonis publizéiert huet. Donieft héiert een och dem Strauss seng drëtt Sinfonesch Dichtung “Tod und Verklärung” an dem Richard Wagner seng Ouvertür aus der Oper “Tannhäuser”.
Programm
- Richard Strauss (1864-1949): Don Juan, op. 20
- Max Bruch (1838-1920): Geie Concerto Nr. 1 a Sol mineur, op. 26
- Grażyna Bacewicz (1909-1969): Polish Caprice (Encore)
- Mel Bonis (1857-1938): Salomé aus “Trois femmes de légende”, op. 100/2
- Richard Strauss: Tod und Verklärung, op. 24
- Richard Wagner (1813-1883): Ouvertür aus “Tannhäuser”
Interpreten
- Bomsori Kim, Gei
- WDR Sinfonieorchester
- Cristian Mǎcelaru, Direktioun