Medien

Suergen ëm d'Wochenzeitung woxx: Wann d'Pressehëllef keng richteg Hëllef méi ass

D’Redaktioun vun der Wochenzeitung woxx huet sech an hirer leschter Editioun an engem oppene Bréif un hir Lieser:inne geriicht: “Mir brauchen all Ënnerstëtzung”, war den éischte Saz. Steet d’Existenz vun der woxx um Spill?

auto_stories

4 min

headphones

14 min

play_arrow

D’Wochenzeitung woxx wéilt ëmmer versichen, zesumme mat hire Lieser:innen ze evoluéieren an ze diskutéieren, seet de Richard Graf, fréiere Journalist bei der woxx a Member vun hirem Verwaltungsrot.

D’Finanzen erlaben et der Wochenzeitung awer net, dat Zil ze erreechen.

“Dee Projet, dee mir eis ginn hunn an de Lieser versprach hunn, eng Zeitung auszebauen an op en héije Level ze bréngen, ass a Fro gestallt duerch eng Rei Mechanismen.”

Wann een dat Zil also weider verfollege wéilt, da misst een zesumme mat de Lieser:inne kucken, datt “et zu stane kënnt”, seet de Richard Graf.

Zënter den 1970er Jore gëtt et d'Pressehëllef an ass haut esou néideg wéi nach ni

Den Opruff huet awer och ze di mat engem Gesetz, dat nach kuerz virum Summer an der Chamber gestëmmt gouf. 

Am Zentrum stoung de Volet vum Informatiounszougang fir Journalisten. Aner Aspekter si vläit ze kuerz komm, notamment d’Pressehëllef. Déi gëtt et zënter den 1970er Joren, soss géing et haut vläit just eng Dageszeitung zu Lëtzebuerg ginn.

Dat läit dorun, datt een eng gewëss Awunnerzuel brauch, fir datt sech eng Zeitung iwwerhaapt rentéiert. Déi Zuel ass zu Lëtzebuerg net ginn. Ausserdeem suergt de Staat mat senge Subventiounen dofir, datt et e Pressepluralismus gëtt.

“D’Iddi ass och, e Kontext ze schafen, wou pluralistesch Meenungsbildung méiglech ass. Ech mengen, datt d’Press, ob gedréckt oder online, en immens wichtegt Instrument dofir ass. (...) An d’Konkurrenz ass do. Dat si Medien, déi ouni Reegele funktionéieren an déi ganz groussen Afloss kënnen huelen, a wou gewëss Qualitéitsstandarden net méi existéieren.”

30.000 Euro leet de Staat pro Journalist bäi

D’Pressehëllef war am Ufank un d’Zuel vum redaktionelle Contenu gebonnen. Dunn huet e Paradigmewiessel stattfonnt, wéi de Richard Graf erkläert. Gekuckt ginn ass dunn nämlech d’Zuel vu Journalisten – och wann dat keng Qualitéit garantéiert, wéi hien umierkt.

Zënter den 1990er Jore muss eng Redaktioun op d’mannst 5 Journaliste vollzäit ënner Kontrakt hunn, fir vun der Pressehëllef kënnen ze profitéieren.

Ass dee Krittär erfëllt leet de Staat 30.000 Euro pro Joer pro Journalist bäi, an dat indexéiert. 

De Richard Graf hätt gehofft, datt dee Montant op 45.000 Euro erhéicht gëtt. Dat wier de Konsens gewiescht vun den Editeuren a Journalisten. An enger méi fréier Phas stoung souguer en nach méi héije Montant am Raum.

De Beruff attraktiv halen

De Montant ass wichteg, fir datt de Beruff vum Journalist attraktiv bleift, betount de Richard Graf.

“Et geet drëm ze kucken, datt de Metier vum Journalist einfach kann uerdentlech ausgefouert ginn. An d’Situatioun zu Lëtzebuerg ass esou, Journalismus ass eng aarbechtsintensiv Entreprise, an da muss ee gesinn, datt de Kontext evaluéiert huet.”

Journaliste wieren zu Lëtzebuerg ni gutt bezuelt gewiescht, seet de Richard Graf. Mee grad an dësen Zäite misst een dofir suergen, datt de Beruff nach jonk Leit unzitt, ouni datt si sech op Grond vum Salaire Suergen ëm hir finanziell Situatioun musse maachen.

Wier de Montant gehéicht ginn, dann hätt d’woxx nach en zousätzleche Journalist agestallt. Dee Plang läit elo mol op Äis.

Lëtzebuerger Mediewelt huet an de leschte Jore changéiert

D’Pressehëllef limitéiert sech awer net just op déi 30.000 Euro pro Journalist. All Publicatioun kritt ausserdeem e Sockelbetrag vun 200.000 Euro.

Datt et trotzdeem net evident ass ze iwwerliewe weisen d’Fäll vum Jeudi an dem Lëtzebuerger Journal: De Jeudi gëtt et net méi an de Journal ass just nach online disponibel.

Dat schéngt fir d’woxx awer keng Optioun ze sinn. 

“Online goen ass fir eis eng komplementar Strategie, déi mir och dank där Hëllef ausgebaut hunn. Mee wann een esou kuckt, weltwäit, déi Medieform, déi sech am beschte behaapte kann, sinn déi, déi e Mix maachen aus Print an Online. Well am Print kann ee ganz aner Forme vu Journalismus duerchzéien. Online kann ee méi reaktiv sinn.”

Béides ze kombinéiere wier d’Zil vun der woxx. 

Niddregen Abonements-Präis bleift

Fir dat an Zukunft kënnen ze maache kënne Leit der Wochenzeitung Done ginn. Jidderee kéint no senger Façon d’Zeitung ënnerstëtzen, seet de Richard Graf.

D’Zeitung wéilt kengem Suen aus der Täsch zéien. Dofir hätt een och de Präis vum Abonement ëmmer zimmlech niddereg gehalen, erkläert de fréiere Journalist. Ausserdeem bitt d’woxx en Ënnerstëtzungs-Abo. Esou soll d’Wochenzeitung esou accessibel wéi méiglech bleiwen.

Lauschterenplay_arrow