National Medien

ALJP-President: Virgoe géint Journalistin vu reporter.lu wier "degelass"

An der nationaler Mediewelt suergt eng Internetsäit den Ament fir Opreegung. Op där gi schwéier Virwërf géint d'Journalistin Véronique Poujol erhuewen. Ënner anerem gëtt do behaapt, d'Journalistin vu reporter.lu hätt sech bezuele gelooss fir Artikelen ze schreiwen, déi verschidde Leit schueden.

auto_stories

3 min

De Sidney Wiltgen | © Jo Diseviscourt
De Sidney Wiltgen (Foto: Jo Diseviscourt)

Op den éischte Bléck gesäit de Site och esou aus, wéi wann en eng journalistesch Enquête iwwer d'Aarbecht vun der Véronique Poujol géif publizéieren, mee séier stellt ee fest: Den Artikel ass net mat engem Numm ënnerschriwwen an e baséiert och net op Quellen, déi sech novollzéie loossen.

De President vun der Journalistenassociatioun ALJP, de Sidney Wiltgen, stellt sech am 100,7-Interview kloer hanner d’Journalistin. 

Prozedur ka sech an d'Längt zéien

D’ALJP wëllt der Journalistin vu reporter.lu och hëllefen, fir sech géint déi Publikatioun ze wieren.

"Et ass elo an alleréischter Linn eng Plainte deposéiert ginn, déi néideg ass, fir iwwerhaapt eng Prozedur unzestrengen, fir dee Site do vum Netz ze huelen."

Problematesch ass, datt de Site net zu Lëtzebuerg oder an der EU, mee iwwer d’USA a Malaysia gehost gëtt, esou nach de Sidney Wiltgen. Dofir kéint déi Prozedur sech och nach zéien. 

D’ALJP huet nach keng juristesch Schrëtt ageluecht, wäert awer kommend Woch iwwer weider méiglech Moossnamen diskutéieren. 

Gravitéit vun der Attack erféiert

Dem Sidney Wiltgen wier kee Fall mat esou enger Envergure an de Kapp komm.

"(...) deen esou perfid virgaangen ass, fir den Numm vun enger Journalistin duerch den Dreck ze zéien."

Duerch d’Sozial Medie géif ëmmer mol en Numm an d’Diskussioun kommen, mee dat hei wier anescht.

"Mee eng eege Website hosten an och héchstwarscheinlech dofir suergen, dass se an de Google Sichresultater ganz, ganz uewen optaucht, dat ass wierklech einfach nëmmen degelass."

Kéint dat méi dacks virkommen?

Dovu geet den ALJP-President aus. Fréier hätt esou eng Aktioun vill Aarbecht kascht – mëttlerweil wier dat awer mat e puer Clicks a KI gemaach. 

Et wier wuel eng Realitéit, un déi ee sech héchstwarscheinlech misst gewinnen an upassen, esou nach de Sidney Wiltgen.

Net alles gleewe wat ee liest

Fir d'Glafwierdegkeet vum Journalismus ze schützen, wier et ëmsou méi wichteg, datt d'Leit Informatiounen net einfach ongepréift gleewen. De Sidney Wiltgen verweist dobäi op d'Grondlage vun der Aarbecht vu professionelle Journalisten.

 "Virun allem awer ass et mengen ech effektiv esou, dass trotzdeem déi traditionell Medien, déi grouss Medienhaiser zu Lëtzebuerg, dass en do iwwerall professionell Journaliste schaffen, déi hirer Aarbecht en toute âme et conscience noginn an och geséchert Informatiounen da publizéieren. Ech menge wann ee sech wëll informéieren, dann ass dat nach ëmmer fir mech déi beschten Ulafstell.“

De President vun der ALJP huet och nach op déi legal Méiglechkeeten higewisen, déi et hei am Land gëtt, fir géint feelerhaft Berichterstattung virzegoen, wéi zum Beispill d’Recht op Géigenduerstellung oder eng Plainte beim Presserot, esou nach de Sidney Wiltgen.