Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Syrien nom Muechtwiessel: D'Ongewëssheet bleift

Andréck aus Syrien

Syrien nom Muechtwiessel: D'Ongewëssheet bleift

Ronn 100.000 Syrier sinn zënter dem Enn vum Regimm vum Bashar Al-Assad zeréck an hiert Land gereest, sou d’UN-Agence fir d’Migratioun. Vill anerer sinn awer och an déi aner Richtung geflücht, well si Angscht hu virun den islamistesche Rebellen déi elo zu Damaskus un der Muecht sinn. Éischt Äntwerte gëtt et och elo zu der Fro wat mat den Zaldote geschitt, déi ënnert dem Bashar al-Assad der Arméi ugehéiert hunn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Syresch Rebelle feieren nom Muechtwiessel (Foto: Philip Crowther)

Philippe Crowther, Syrien

An der Stad Latakia op der Mëttelmier-Küst stinn déi fréier Zaldote vum Bashar al-Assad Schlaang. Hei soll d’Reconciliatioun stattfannen, an engem Gebai dat, wéi e groussen Deel vum Land, elo vun de Rebelle kontrolléiert gëtt. Och an dëser fréierer Héichbuerg vum Assad bleift den Ex-Zaldoten näischt aneres iwwreg wéi sech den neien Herrscher ze stellen an hir Waffen ofzeginn, wa si se net scho virdru genee ewéi hir Posten abandonéiert haten. Si kréien e Pass deen hinnen dräi Méint laang Beweegungsfräiheet a Syrie gëtt. Duerno kënne si vläicht nees an d’Arméi vun dësem neie Syrien integréiert ginn.

Séier Transitioun

Et ass e weidert Beispill fir eng Transitioun déi iwwerraschend friddlech a séier ofleeft, no bal 14 Joer Biergerkrich an no iwwer engem hallwe Joerhonnert brutaler Dynastie vun der Assad-Famill. Och um diplomatesche Plang leeft alles ganz séier. Ambassaden hu fir d’éischte Kéier zënter dem Biergerkrich hir Dieren nees opgemaach. Katar an d’Tierkei waren déi Éischt. Si gëllen als Ënnerstëtzer vun de Rebellen déi zu Damaskus elo d’Muecht hunn.

Och d’Europäesch Unioun wëll hir Delegatioun nees offiziell opmaachen. A virun der franséischer Ambassade ass den Tricolore-Fändel nees ze gesinn, just als Symbol bis elo. D’Ambassade ass nach zou.

HTS gëtt weider als Terror-Grupp klasséiert

D'Iwwergangsregierung schéngt déi richteg Schrëtt ze maache fir um internationale Plang akzeptéiert ze ginn, och wann de wichtegste Grupp, Hayat-Tahrir al-Sham weiderhi vun den USA, Groussbritannien, an aneren als Terror-Grupp ugesinn ass. Si si Sunittten, d‘Schiitten trauen hinnen net ganz, an Zéngdausenden hunn d’Land elo scho verlooss, seet d’UNO. Mee déi meescht Syrier, och d’Minoritéiten, soen datt alles besser ass wéi de Bashar al-Assad. D’Ongewëssheet wat genee déi nei Regierung bréngt, déi bleift.