Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ UNO-Vollversammlung stëmmt op en Neits fir eng Wafferou an der Gazasträif

New York

UNO-Vollversammlung stëmmt op en Neits fir eng Wafferou an der Gazasträif

Zu New York huet d'UNO-Vollversammlung eng Resolutioun gestëmmt, déi eng Kéier méi eng imminent, bedéngungslos an dauerhaft Wafferou fir d'Gazasträif fuerdert. Donieft sollen all israeelesch Geiselen direkt fräigelooss ginn.

auto_stories

1 min

© UN Photo/Eskinder Debebe
Foto: UN Photo/Eskinder Debebe

Et ass déi drëtte Kéier, datt esou eng Resolutioun an deem Kontext ugeholl gëtt. Bis elo blouf dat ouni Resultat.

Dës Kéier ass den Text méi schaarf formuléiert. 158 Länner hunn dofir gestëmmt, 13 hu sech enthalen, 9 waren dogéint. Ënnert hinnen d‘USA an Israel.

D'Resolutioune vun der Vollversammlung si souwisou net verbindlech. Si hunn awer eng grouss Symbolkraaft.