Weltwäite Fluchverkéier wäert de Rekord vu virun der Pandemie iwwertreffen
De weltwäite Fluchverkéier huet däitlech zougeholl: Fir dëst Joer géifen d‘Fluchgesellschaften sech eng Rekordzuel vu bal 5 Milliarde Passagéier weltwäit erwaarden. Dat huet déi international Associatioun fir de Fluchtransport IATA op hirer Generalversammlung zu Dubai matgedeelt.
Dës Zuel, wa si sech confirméiert, géif wäit iwwert dem viregte Rekord vun 2019 leien, also vu virun der Pandemie.
Um finanzielle Plang seet d‘IATA, d'Fluggesellschafte géifen dëst Joer mat engem weltwäite Benefice vun 30,5 Milliarden US-Dollar rechnen. Dat wier och méi wéi déi 27,4 Milliarden Dollar Benefice, déi fir d‘lescht Joer geschat ginn.